
De Weekend iwwer leie mir weiderhin ënner markantem Héichdrockafloss. D’Kären dovu sinn iwwer Spuenien, den Alpen an zäitweis och dem Eck Tschechien/Polen ze fannen. Vill Beweegung ass also ëmmer nach net dran.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Wéi mir se laang ugekënnegt hunn, weist sech d’Wiederlag och de Moment: Ëmmer nach verbleiwe mir mat engem rouege Charakter, deen sech och de Weekend iwwer wäert bei eis duerchgesat kréien. Zustane kënnt dëst duerch kräfteg Héichdrockkären, déi sech vu Spuenien aus iwwert d’Alpen, Mëtteleuropa an Deeler vun Osteuropa erstrecken.

Zur selwechter Zäit suerge momentan markant Déifdrockgebitter iwwert dem Mëttelmierraum fir markant bis onwiederaarteg Nidderschléi – en änlecht Muster, wéi mir et virun e puer Méint schonn mol gesinn haten. Heiheem ass et also roueg, iwwerdeems et do ënne net esou flott ass.
De Verlaf
Mam Fokus op heiheem gesi mir, dass d’Warscheinlechkeet, dass sech d’Sonn géint de Niwwel duerchgesat kritt, an de nächsten Deeg méi héich wéi elo an de vergaangenen. Schonn haut um Donneschden geet et virun allem am Südoste vum Land fir schéi sonneg Momenter duer, an de nächste Stonne schaffen déi sech awer lues a lues nach weider a Richtung Norden. Ob e rechtzäiteg verschwënnt, ier d’Sonn ënnergeet, muss awer ofgewaart ginn. Fest steet: Klappt et haut net, dann ass et an de nächsten Deeg awer alles anescht wéi onwarscheinlech.
Fir muer um Freide gi fir d’Moiesstonne nach e puer eenzel Niwwelfelder berechent, vum fréie Nomëtten u gi gutt Chancen op Sonn simuléiert. D’Temperature packen et, je no Niwwelsituatioun, op tëscht 3 a 6 Grad – nodeems se um fréie Moie nach tëscht -4 a -1 Grad louchen. Fir e Samschden an e Sonnden gëtt et ganz änlech: Fir e Samschdemoien hu mir ufanks -5 bis 0 Grad, am Dag 4 bis 9 Grad. E Sonnde sinn et am Ufank -5 bis -2 Grad, duerno sinn et 1 bis 5 Grad.
Niwwel ass tückesch a ka kuerzfristeg e Stréch duerch déi sonneg Rechnung maache, mee Stand elo gesäit et awer net schlecht aus.