Bléck op de Weekend: Sonnegt an agreabelt Terrassewieder

Héije Loftdrock dominéiert de Weekend eist Wieder zu Lëtzebuerg. Et ass denkbar, dass déi eng oder aner Terrass gutt wäert gefëllt sinn.

Grousswiederlag

De Weekend iwwer leie mir ënnert dem Afloss vun engem gréisseren Héichdrockgebitt, wat mat sengem Kär knapp nordëstlech vun de britteschen Insele läit. Dëst Héichdrockgebitt wäert no laanger Zäit endlech e Wiederchangement aleeden. Heescht also: déi naass a variabel Deeg aus de leschte Woche sinn mir elo fir eng Zäit lass.


Héije Loftdrock huet vum Weekend un d’Iwwerhand | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Den Dag vun haut, de Freide, verleeft gréisstendeels frëndlech. Heiansdo ka mol nach eng méi déck Wollek dobäi sinn, reene sollt et awer net méi. D’Temperature packen et am Nomëtten op e Maximum vum tëscht 16 a 19 Grad, dobäi bléist just e schwaache bis liicht spierbare Wand aus Ost-Nordosten. Den Dag vu muer, de Samsde, verleeft och zimmlech frëndlech. Zwar hu mir et dotëscht ëmmer nach mat e puer Wolleken ze dinn, d’Sonn weist sech awer ëmmer erëm an et bleift dréchen. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 16 an 20 Grad. De leschten Dag vun der Woch ass de beschten; de Sonnde si bei vill Sonn a nëmmen e puer klengen an harmlose Wolleke Maximalwäerter vun tëscht 18 an 22 Grad ze erwaarden.

Alles an allem erwaart eis de Weekend iwwer frëndlecht Terrassewieder, wat iwwerhaapt net mat der Grousswiederlag aus de leschte Wochen ze vergläichen ass. Och an der kommender Woch gi mir mat méi héijen Temperature versuergt an d’Sonn weist sech och méi oft. Et wäert awer net méi all ze laang dauere, bis d’Warscheinlechkeet vun enger lokaler Schauer erëmkënnt – mee keng Angscht: mir fale net op de Niveau vu virun e puer Deeg/Wochen zréck.