Bléck op de Weekend: Summer-Comeback, an awer heiansdo Schauere méiglech

Déi méi héich Temperaturen, déi mir elo schonn iwwert eng méi laang Zäit an de Kaarte verfollegt hunn, triede vu muer un an. Et muss een awer och soen, dass eis d’Warscheinlechkeet vun e puer Schaueren trotzdeem net esou ganz verléisst.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer hu mir et mat héijem Loftdrock iwwert dem südëstlechen an ëstlechen Europa ze dinn, iwwerdeems e gréissert Déifdrockgebitt iwwert de britteschen Inselen läit. Doduerch ginn eis aus Südwesten zwar méi waarm, mee och fiicht Loftmassen zougespillt. Dëst féiert bei eis zu de méi héijen Temperaturen, mee d’Warscheinlechkeet vun enger Schauer ass eben och net null. Och en eenzelt Donnerwieder kann iwwert de Weekend net komplett ausgeschloss ginn.


De viraussiichtleche Verlaf bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Muer um Freide starte mir mat engem klore bis liicht wollekegem Himmel an den Dag eran, spéiderhi kommen awer e puer Wolleken dobäi. Et sollt mol nach gréisstendeels dréche bleiwen, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 24 an 28 Grad. Eréischt sou a Richtung spéidere Nomëtten a fréien Owend geet d’Warscheinlechkeet vun enger lokaler Schauer an d’Luucht, ier et dann an der Nuecht op e Samsden erëm méi verbreet kann zu dëse Schauere kommen. E lokaalt Donnerwieder ass och net ganz ausgeschloss.

E Samsde geet et mat engem wollekegem a naasse Moie virun – d’Reewarscheinlechkeet zitt sech bis an de fréie Mëtten eran. Duerno gëtt et a klenge Schrëtt manner naass an d’Sonn kënnt sech erëm besser tëscht de Wolleke weisen. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 21 a 24 Grad, d’Temperature ginn also erëm e Krack zréck. An de Nuechten gëtt et awer net méi grad esou kill, an där op muer erliewe mir nämlech tëscht 15 a 17 Grad a net méi Wäerter am eestellege Beräich wéi beispillsweis an de vergaangene Nuechten. Dovun ofgesinn ass de Wand erëm méi spierbar ënnerwee, dat mat Spëtzte vu 45 km/h aus Westen.

E Sonnden erliewe mir e Mix aus Sonn an e puer méi décke Wolleken, eng Schauer sollt just nach eng Ausnam sinn. D’Temperature klammen am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 22 a 26 Grad, an der Nuecht op de Méinde geet d’Warscheinlechkeet vun e puer Schaueren oder och mol engem Donnerwieder erëm an d’Luucht.