Bléck op de Weekend: Temperature fale kuerzzäiteg ëm 10 Grad

Vum Freiden op de Samsde passéiert eis eng Kalfront, duerch déi et de Weekend kuerzzäiteg ëm 10 Grad méi kal gi wäert.

De Weekend zitt eng Kalfront duerch, wouduerch déi momentan Wiermtzoufuer ënnerbrach gëtt. Dowéinst ass kuerzzäiteg mat engem Temperaturréckgang vu gutt 10 Grad ze rechnen, ier et an der nächster Woch awer scho rem biergop geet.

Freiden, 22. Mee 2020

De Freidemoien ass et staark bedeckt, et bleift awer nach meeschtens drëchen. D’Temperature leien tëscht 17 a 19 Grad a klammen am Virmëtten op 21 bis 23 Grad erop. D’Wolleke maache sech weider breet, d’Schauerwarscheinlechkeet geet an d’Luucht. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 24 bis 28 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus West- Südwesten. An de Spëtzten ass mat 45 km/h ze rechnen. Et ass meeschtens wollekeg, et ass mat Schaueren ze rechnen. En Donnerwieder ass net zu 100% auszeschléissen. Um Owend an an der Nuecht op de Samsde bleift et wollekeg, eenzel Schauere kënne nach virkommen. D’Temperature falen op 13 bis 10 Grad.

Video vum 22. Mee 2020

Samsden, 23. Mee 2020

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, et ass mol nach mat Reen ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op 12 bis 16 Grad erop. Et bleift nach naass. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 15 bis 19 Grad ze rechnen, de Wand bléist spierbar aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et gëtt ëmmer manner wollekeg, eenzel Schauere kënne nach virkomme mee d’Aktivitéit geet lues awer sécher zréck. Um Owend an an der Nuecht zéie nach eng Partie Wolleken duerch, et bleift awer drëchen. D’Temperature ginn op e Minimum vun 9 bis 7 Grad zréck.

Sonnden, 24. Mee 2020

De Sonndemoien ass et wollekeg, et bleift awer dréchen. D’Temperature leien tëscht 8 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op 12 bis 16 Grad erop. Et bleift onverännert. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 17 bis 21 Grad areecht, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Westen. An de Spëtzte gi 40 km/h areecht. Et gëtt rem e Stéck méi wollekeg, eenzel Schauere si net ganz onméiglech – meeschtens bleift et awer dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 12 bis 9 Grad zréck, et zéie nach e puer Wolleken duerch. Och Niwwelfelder si méiglech.