Bléck op de Weekend: Temperature falen ëm 15 Grad, e Sonnden Frascht méiglech

D’Deeg vun der kuerzer Kleedung si gezielt. Nodeems et elo vill ze laang summerlech war, kritt sech de Weekend endlech den Hierscht duerchgesat.

Advertisement

D’Grousswiederlag

An der Nuecht op de Samsden zitt eng Kalfront duerch, déi eis endlech mol den Hierscht op Lëtzebuerg bréngt. Bis e Sonnden inclus leie mir mol nach ënner liichtem Déifdrockafloss, ier vun de britteschen Inselen aus en Héichdrockgebitt op Mëtteleuropa iwwergräift.


Wéi déi vill ze waarm Loftmassen aus dem Land verdrängt ginn | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Muer um Freiden gëtt et no a no méi wollekeg, d’Sonn ass awer mat Chance och mol nach heiansdo dobäi. D’Reewarscheinlechkeet klëmmt a Richtung Owend ëmmer méi, well eis an der Nuecht op de Samsden eng Kalfront passéiert. Ier et awer esouwäit ass, klëmmt den Thermometer nach eng Kéier op e Maximum vun tëscht 22 a 26 Grad. De Wand gëtt och schonn lues a lues méi aktiv, an de Spëtzten ass e mat tëscht 40 a 55 km/h ënnerwee. Interessant gëtt et awer vu kuerz viru Mëtternuecht un bis an de fréie Samsden eran, wou och mol stiermesch Vitesse bis 75 km/h net ganz kënnen ausgeschloss ginn. Et reent.

E Samsde kann et je no Modell mol nach e bësse reenen, ier sech d’Sonn no a no besser weise kënnt. Zwar si nach Wolleken dobäi, mee et gëtt op alle Fall en Tick méi frëndlech. 11 bis 14 Grad gi nach als Maximaltemperatur erreecht. An der Nuecht op de Sonnden ass den Himmel gréisstendeels kloer, e puer Niwwelfelder sinn awer mol dobäi. Et killt richteg gutt of.

De Sonndemoie starte mir dann esou richteg hierschtlech, schonn bal fréiwanterlech, an den Dag eran. Den Thermometer läit viraussiichtlech tëscht 0 a 4 Grad a packen et am Nomëtten op 8 bis 11 Grad. D’Sonn ass ze gesinn, et sinn awer och e puer Wolleken dobäi. Eenzelne Modeller no ass och eng lokal Schauer net komplett onméiglech. Och d’Nuecht op de Méinde gëtt eng kill, aus momentaner Siicht gesi kënnen d’Temperaturen op tëscht -2 an 2 Grad zréckgoen.