
De Weekend iwwer ginn d’Temperaturen zréck, ënnert anerem och duerch eng Kalfront. Déi dofir berechent Reequantitéite sinn zanter gëschter vu Laf zu Laf awer nach méi niddereg ginn wéi souwisou schonn.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Haut um Donneschde leie mir ënner ongestéiertem Héichdrockafloss, deen sech vum Atlantik hier iwwer Frankräich a Lëtzebuerg bis a Polen erstreckt. Fir de Weekend gerode mir allerdéngs ënnert den Afloss vun Déifdrockgebitter, déi mat hire Kären vum nërdlechen Atlantik eriwwer an de skandinavesche Raum zéien.

Iwwert dësen Zäitraum passéieren eis zwee Frontesystemer: Eng Kéier eng Kalfront an der Nuecht op e Samschden an eng Kéier eng Waarmfront an der Nuecht op e Méinden. Dës zwou Fronte kënne Reen ervirbréngen, mee net wierklech vill.
De Verlaf
Den Dag vu muer, also e Freide, verleeft mol nach zu engem groussen Deel frëndlech. Am Laf vum Dag komme just a klenge Schrëtt e puer harmlos Wolleken dobäi, d’Temperature packen et op tëscht 13 a 16 Grad – puntkuell kënnen och mol bis zu 18 Grad erreecht ginn. Et ass eréischt am Laf vum Owend, wou d’Wolleke nach méi kompakt ginn. Fréistens géint 21/22 Auer kann et punktuell schonn liicht naass ginn – tendenziell soll et awer eréischt kuerz no Mëtternuecht de Fall ginn. Opfälleg ass, dass d’Quantitéit vum Reen am Verglach zu de leschte Berechnunge weider ofgeholl huet. Heescht: Obwuel et kuerzzäiteg flächeg ka naass ginn, sinn d’Zommen, déi erofkommen, trotzdeem net all ze relevant.
E Samschde geet et gro bis wollekeg an den Dag eran, ier et am Laf vun de Stonne lues a lues méi frëndlech gëtt. Et ass awer a Fro ze stellen, ob d’Wollekendecke schonn op genuch ass, fir dass een déi partiell Sonnendäischtert ka beobachten, déi tëscht 11:14 an 12:59 Auer stattfënnt. D’Chance si net all ze gutt. A Richtung Owend gëtt den Himmel weiderhin ëmmer manner wollekeg, och kloer Momenter si méiglech. An der Nuecht op e Sonnde komme Wolleken a Niwwelfelder dobäi. E Sonnde selwer gëtt et weiderhi méi gro, mee d’Reenwarscheinlechkeet ass och erëm e Stéck erofgerechent ginn.
Doduerch, dass eis kuerz méi kill Loftmasen erreeche, ginn e Samsche just nach Maximalwäerter vun tëscht 7 an 11 Grad erreecht, e Sonnde 7 bis 9, lokal 10 Grad. An de Nuechten erwaart eis liichte Frascht mat bis ëm -3 Grad.