Bléck op de Weekend: Temperature ginn zréck, minimal Reequantitéiten

De Weekend iwwer wäerten d’Maximaltemperaturen iwwerall am Land op ënner 20 Grad falen. Reen ass zwar méiglech, vill ass es awer net a Siicht.

Grousswiederlag

De Weekend iwwer läit héije Loftdrock iwwert de britteschen Inselen an déiwe Loftdrock iwwert dem ëstleche skandinavesche Beräich. Duerch dës Konstellatioun ginn méi kill an deels och fiicht Loftmassen vun iwwert der Nordséi, also aus Nordwesten, an eis Géigende gelenkt. Mat Summerwieder gëtt et also dëse Weekend schonn guer näischt, lokal ass esouguer Frascht méiglech.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Kaart: wxcharts.com

Freiden, 27. Mee 2022

De Freidemoien ass et e gutt Stéck méi bedeckt, dobäi kann et zu liichtem Nidderschlag a Form vu Fisemreen oder och liichtem Reen kommen. D’Temperature leien tëscht 10 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 12 a 16 Grad erop. Et bleift zimmlech bedeckt, dobäi ginn et och soss nach keng gréisser Ännerungen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 16 an 22 Grad ze rechnen, de Wand bléist spierbar aus West-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Et gëtt no a no manner wollekeg, déi kleng Reewarscheinlechkeet geet dann och séier zréck. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 6 a 9 Grad zréck, et gëtt weider manner wollekeg. Besonnesch an den Däller kënnen d’Temperaturen op tëscht 4 an 1 Grad zréckgoen, Buedemfrascht ass méiglech.

Samsden, 28. Mee 2022

De Samsdemoie leien d’Temperaturen haaptsächlech an den Däller tëscht 0 a 4 Grad, soss sinn se bei tëscht 6 a 9 Grad ënnerwee. Sonn a Wolleke wiessle sech of, eenzel Niwwelfelder sinn ënnerwee. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 13 an 18 Grad ze erwaarden, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et si vill déck Wolleken ënnerwee, trotz klenger Schauerwarscheinlechkeet sollt et awer gréisstendeels dréche bleiwen. Eenzel sonneg Momenter si méiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 6 Grad zréck, an eenzelnen Däller och mol erëm op 2 Grad. Buedemfrascht ass méiglech.

Sonnden, 29. Mee 2022

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 2 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 8 an 13 Grad erop. Et gëtt méi wollekeg, et sollt awer dréche bleiwen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 11 a 16 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et gëtt ëmmer méi wollekeg, lokal ass mol eng kuerz Schauer net onméiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 7 Grad zréck, an den Däller deemno wéi erëm drënner. Den Himmel ass liicht wollekeg.