Bléck op de Weekend: Temperaturréckgang kënnt eréischt d’nächst Woch

Héije Loftdrock huet eis voll am Grëff. Och wann tëscht sonnege Momenter an engem groen Himmel duerch Niwwel e schmuele Grat ass, bleift et frëndlech a roueg. D’Temperature beweege sech an engem méi mëlle Beräich, wat geschwënn ännere wäert.

Grousswiederlag

Bis de Sonnde mat leie mir ënnert dem Afloss vun engem staarken Héichdrockgebitt, wat mat sengem Kär am Beräich vun de britteschen Insele läit. Dëst Héichdrockgebitt verlagert sech bis de Sonnden ëmmer méi wäit an de Nordwesten, soudass lues a lues e Changement virdrénge kann. Bis et esouwäit ass, musse mir awer fir d’éischt mol de Weekend hannert eis bréngen.

Freiden, 17. Dezember 2021

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, plazeweis muss een awer och erëm u Niwwelfelder denken. D’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Wa sech de Niwwel opléist, dann hu mir d’Chance, d’Sonn ze gesinn. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 7 a 9 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift roueg, egal ob sech de Niwwel opléise konnt oder net. Et ass mat kenge nennenswäerte Reequantitéiten ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 7 Grad zréck, et ass liicht wollekeg bis hin zu kloer. Lokal kann awer schonn erëm Niwwel net ausgeschloss ginn.

Samsden, 18. Dezember 2021

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis hin zu gro, well plazeweis erëm Niwwel net kann ausgeschloss ginn. D’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 5 an 8 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Am spéidere Nomëtten an och a Richtung Owend gëtt et aus Norden ëmmer méi gro, mee et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 7 Grad zréck, et zéien e puer Wolleken duerch a Niwwelfelder sinn ze erwaarden.

Sonnden, 19. Dezember 2021

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg bis hin zu gro duerch lokal Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad a bleiwen och am Virmëtten am selwechte Beräich. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 4 a 7 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Norden. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Am weidere Verlaf vum Dag gëtt et aus Norden erëm bësse méi wollekeg, ouni dass dobäi awer mat Reen ze rechnen ass. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 a 5 Grad zréck, et ass méi oft gro mee dréchen.