
De Weekend ginn et sonneg, mee och méi gro Momenter. De Reen weist sech awer just zäitweis.
Advertisement
D’Grousswiederlag
De Weekend wiessele mir stänneg tëscht liichtem Héich- an Déifdrockafloss. Dass sech e bloen Himmel weist, gëtt also e Stéck méi onwarscheinlech, wat awer net bedeit, dass et déi ganzen Zäit reent. Generell gekuckt kann ee soen, dass mir et, no der méi stabiler Héichdrocklag aus de leschten Deeg, de Weekend iwwer mat e puer Stéierungen ze di kréien, ier sech den héije Loftdrock an der nächster Woch viraussiichtlech erëm duerchsetze soll.
De Verlaf
Muer um Freide wiessele sech deels méi déck Wolleken a sonneg Momenter of, nodeems sech de Niwwel verzunn huet, deen an de Moies- a Virmëttesstonnen aktiv ass. D’Sonn ka sech also zäitweis weise kommen, iwwerdeems d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 15 an 20 Grad klammen. An der Nuecht op e Samschde ginn et wuel keng gréisser Ännerungen, de Samschde selwer kéint esouguer en änlechen Dag ginn – mam Ënnerscheed, dass d’Chancen op sonneg Ofschnëtter liicht besser wieren. D’Temperature klamme viraussiichtlech op tëscht 14 an 20 Grad.

An der Nuecht op e Sonnde besteet den aktuelle Berechnunge no eng Warscheinlechkeet fir liicht Nidderschléi, duerch déi den Himmel och bedeckt wier. Dës ka sech bis an de Mëtten eran halen, ier et am Laf vun de Stonne no a no besser gëtt. D’Temperature packen et op 12 bis 17 Grad. Et kënnt erëm héije Loftdrock an d’Spill, duerch deen awer och d’Bildung vu Niwwel begënschtegt gëtt. En änlechen Trend gëtt och fir déi éischt Deeg vun der nächster Woch berechent.