De Weekend iwwer gëtt et nach e Stéck méi waarm, nëmmen zäitweis besteet d’Warscheinlechkeet vu liichtem Nidderschlag. An der Nuecht op muer kéint den Thermometer lokal net ënner 20 Grad zréckgoen, wat der Definitioun no eng tropesch Nuecht wier.
D’Grousswiederlag
De Weekend iwwer mécht sech héije Loftdrock iwwert eis breet, esou richteg awer eréischt e Sonnde selwer. Haut um Freiden an och muer um Samsden hu mir et mat Wolleken ze dinn, déi eis vun engem Déifdrockgebitt zougespillt ginn, wat westlech vun de britteschen Inselen läit. Genee aus dem selwechte Grond kéint et muer um Samsden och mol virkommen, dass et zu geréngfügegem Nidderschlag kënnt, mee dat och net fir laang.
De Verlaf
Haut wiessle sech Sonn a Wolleken of an et ass frëndlech, d’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 26 an 31 Grad. Muer um Samsden kënnt jo den Déifdrockafloss vum Atlantik hier nach e bëssen an d’Spill, wouduerch nach en Tick méi Wolleken an eise Géigenden ënnerwee sinn. Vum Virmëtten un bis an de Nomëtten era kann et dowéinst zu e puer schwaache Nidderschléi kommen, déi awer duerno zimmlech séier sollten eist Land verloossen, fir dass et fir um Owend erëm frëndlech bleift. D’Temperature beweege sech weiderhin am Beräich vun de 25 bis 30 Grad. E Sonnde gëtt et vum fréie Moien bis an den Owend eran kontinuéierlech manner wollekeg, iwwerdeems et eis Temperaturen op e Maximum vun tëscht 26 an 30 Grad packen.
Temperaturméisseg variiéiert dëse Weekend also net besonnesch vill. Markant ass awer ze soen, dass eis an der Nuecht op muer kéint eng Tropennuecht ustoen – dat well d’Modeller plazeweis domat rechnen, dass d’Wäerter net ënner 20 Grad kéinten zréckgoen.