Bléck op de Weekend: Um Sonnde si bis zu 27 Grad méiglech, Donnerwiederrisk

De Weekend iwwer wäert eis d’Warscheinlechkeet vu Schauere net ganz verloossen. En Dag dee besonnesch erausstécht ass de Sonnden – dat duerch summerlech Temperature, mee och e gewëssen Donnerwiederrisk.

fir d’lescht aktualiséiert: 07. Mee 2021

Grousswiederlag

Um fréie Freide leie mir nach méi ënner Déifdrockafloss, ier duerno bis an de Samsdenomëtten eran een Héichdrockgebitt kuerz d’Iwwerhand gewënnt. Um Sonnde gerode mir ënnert eng fiichtwaarm südwestlech Stréimung, déi eis summerlech Temperaturen erméiglecht. Iwwerdeems klëmmt awer och de Risk vun dem engen oder aneren Donnerwieder. Schold drun ass e grousst Déif iwwert de britteschen Inselen an héije Loftdrock iwwert dem Oste vum Kontinent.


De Sonnde kënnt de Summer kuerz luussen | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 07. Mee 2021

De Freidemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 2 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op 4 bis 9 Grad erop. Et gëtt e bësse méi wollekeg, et besteet eng kleng Warscheinlechkeet vun enger eenzelner Schauer. Gréisstendeels bleift et awer dréchen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 10 a 14 Grad areecht, de Wand bléist zäitweis spierbar aus West-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Et zéien eng ganz Partie Wolleken duerch, d’Sonn kritt awer och mol hir Chancen. Et bleift meeschtens dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 8 an 10 Grad zréck, den Himmel kläert quasi op.

Samsden, 08. Mee 2021

Um fréie Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op 9 bis 12 Grad erop. Et gëtt no a no méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 14 an 20 Grad ze erwaarden, et gëtt ëmmer méi wollekeg. Trotz de ville Wolleke gëtt et just lokal begrenzt mol naass, meeschtens bleift et dréchen. De Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Süd-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h dobäi. A Richtung Owend a Nuecht gëtt et ëmmer manner wollekeg, et kläert esouguer op. D’Temperature ginn op 8 bis 10 Grad zréck.

Sonnden, 09. Mee 2021

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 11 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op 17 bis 21 Grad erop. Et gëtt no a no méi wollekeg, d’Sonn ass awer och nach dobäi. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 24 an 28 Grad ze erwaarden, de Wand bléist dobäi awer stramm aus Südwesten. An de Spëtzte kann e mat bis zu 55 km/h dobäi sinn. Vum spéidere Nomëtten u besteet duerch déi fiichtwaarm Loftmassen de Risk vun engem lokalen Donnerwieder. Am Fall vun engem Wieder kann de Wand däitlech méi staark ginn. Um Owend an an der Nuecht gëtt et méi oft naass, den Donnerwiederrisk geet awer lues a lues zréck. D’Temperature falen op tëscht 12 a 16 Grad zréck.