Bléck op de Weekend: Variabel a méiglecherweis markante Sonnden

De Weekend steet virun der Dier – an um Wiedergeschéien deet sech net all ze vill. Et bleift variabel mat der Optioun op och méi stiermescht Wieder.

Grousswiederlag

De Weekend wäert et tëschenduerch och mol méi roueg a frëndlech Momenter ginn, mee wat d’Gesamtbild ugeet leie mir awer ëmmer nach ënnert enger déifdrockdominanter Wiederlag. Dës féiert dann dozou, dass dotëscht ëmmer erëm naass Momenter méiglech sinn, wou och de Wand e Wuert matzeschwätzen huet. Virun allem awer soll dëst aus aktueller Siicht gesinn um Sonnden am warscheinlechste sinn.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Vun Island hier bis hin eriwwer an de skandinavesche Raum erstrecke sech e Koup Déifdrockgebitter, déi och de Weekend iwwer fir d’Wieder zu Lëtzebuerg verantwortlech sinn. Iwwerdeems läit eng Héichdrockbréck iwwert dem Süde vum Kontinent. Lëtzebuerg läit soumat also quasi um Rand vun dësen zwou Zonen, et forméiert sech eppes wéi eng “Déifdrockstrooss”.

Den Oflaf

Freiden, 04. Februar 2022

De Freidemoien ass et staark bedeckt a gro duerch Niwwel, d’Temperature leien tëscht 4 a 7 Grad a bleiwen och am Virmëtten an dësem Beräich. Fisemreen duerch Niwwel ass méiglech. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 5 a 9 Grad ze erwaarden, de Wand bléist stramm bis stiermesch aus West-Südwesten. An de Spëtzte si bis zu 70 km/h méiglech. Et ass verbreet mat Reen ze rechnen, deen deelweis och méi kräfteg ënnerwee ass. Am Fall vu méi kräftege Reen sinn och méi staark Wandstéiss vu bis ëm 85 km/h net ausgeschloss. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -1 an 1 Grad zréck, et gëtt méi dréchen. Duerch Nätzt déi fréiert kann et lokal zu glate Stroosse kommen.

Samsden, 05. Februar 2022

De Samsdemoien ass et erëm oft gro duerch Wolleken a Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht -1 an 1 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 1 an 3 Grad erop. Et bleift meeschtens gro, och Fisemreen ass méiglech. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 4 a 7 Grad ze erwaarden, de Wand bléist zäitweis spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et sinn zwar nach eng Partie Wolleken- a Niwwelfelder ënnerwee, mat Chance ka sech awer och d’Sonn dotëscht weisen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -1 an 2 Grad zréck, et kommen erëm nei Niwwelfelder a Wolleken dobäi.

Sonnden, 06. Februar 2022

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad a bleiwen och am Virmëtten an dësem Beräich. Et kënnt weiderhin zu Reen, de Wand ass amgaangen zouzehuelen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 6 a 9 Grad ze erwaarden, de Wand ass stiermësch ënnerwee a packt et an de Spëtzten op tëscht 70 a 90 km/h. Et reent iwwerdeems och méi laang unhalend, dat och deels méi intensiv. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 a 6 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi dréchen an de Wand gëtt och e bësse méi schwaach. Definitiv leeë sollt e sech a Richtung fréie Méindemoien.