Bléck op de Weekend: Variabel, mee net vill Reen an Aussiicht

De Weekend iwwer hu mir et weiderhi mat variablem Wieder ze dinn. Meeschtens sti mir ënnert dem Afloss vun déiwem Loftdrock, ier sech vum Sonnden un erëm héije Loftdrock bei eis opgebaut kritt.

fir d’lescht aktualiséiert: 28. August 2020 00:33 Auer

Wann een héiert, dass d’Wieder “variabel” ass, dann denkt een oft direkt un de Reen. Dës Kéier wäert awer erëm de Fall sinn, dass et net iwwerall d’selwecht vill reene wäert. Vu Plaz zu Plaz ginn et erëm gréisser Ënnerscheeder. Do wou et tatsächlech reent, ass och erëm net vill ze erwaarden.

Freiden, 28. August 2020

De Freidemoien ass et meeschtens wollekeg, d’Temperature leien tëscht 13 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op 15 bis 20 Grad. Et zéien e puer kompakt Wolleken duerch, et sollt awer nach gréisstendeels dréche bleiwen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 18 bis 24 Grad areecht, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Südwesten. An de Spëtzte gi 50 km/h areecht. Haaptsächlech am spéidere Nomëtte besteet eng kleng Warscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren, Blëtz an Donner sinn dobäi net onméiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 13 bis 10 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg.


D’Loftmasseverdeelung & Grousswiederlag vum Freide bis de Sonnden. Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 29. August 2020

De Samsdemoien ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op 14 bis 18 Grad erop. Sonn a Wolleke wiessle sech of. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 17 bis 23 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus West- Südwesten. An de Spëtzte gi 40 km/h areecht. Am spéidere Nomëtte gëtt et méi wollekeg, eenzel Schauere mee och mol e Wieder kënne net ausgeschloss ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 12 bis 9 Grad zréck, et gëtt kuerzzäiteg manner wollekeg bis souguer kloer.

Sonnden, 30. August 2020

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 11 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op 13 bis 17 Grad erop. Aus Weste gëtt et no a no méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 16 bis 20 Grad areecht, de Wand bléist liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzte gi 35 km/h areecht. Et ass mat eenzelne Schaueren an och mol engem lokalen Donnerwieder ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 11 bis 8 Grad zréck, et gëtt manner wollekeg.