Bléck op de Weekend: Vill Reen a Wand, Berouegung eréischt e Sonnden

Eng weider schaueraktiv Phas fänkt haut un. Wéi laang zitt se sech a wéi wierkt se sech op de Weekend aus?

Advertisement

D’Grousswiederlag

E Freide läit en Déifdrockgebitt iwwer Holland a wäert eis e Samsde méi oder manner iwwerrullen. Dëst geschitt net nëmmen a Form vun engem spierbare bis deemno wéi stiermesche Wand, mee och mat vill Reen. Eréischt e Sonnden dréckt en Héichdrockgebitt vun der Nordséi hier eran, deen den déiwe Loftdrock aus eise Géigende verdrängt. Meteorologesch gesinn erwaart eis déi schéinst Zäit vum Weekend also eréischt wärend de leschte Stonne vum Sonnden.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Wiederlag bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Fir e Freide gesinn d’Wiedermodeller vum fréie Moie bis an de spéidere Verlaf vum Dag eran Schaueren op eis duerkommen, déi méi kräfteg ausfale kënnen. Wandtëschnech ass nach net esou ganz sécher, wéi staark e blose wäert, mee et gi mol Vitesse vun tëscht 70 a 85 km/h ugepeilt. Nëmme mat Chance ass bei dem ganze Gewolleks och mol e kuerze sonnege Moment dobäi, mee vertraut net drop. D’Temperature packen et trotz allem op e Maximum vun tëscht 12 a 15 Grad.

E Samsden hu mir et ëmmer nach mam selwechten Déifdrockgebitt ze dinn, wat sech elo ufänkt a Richtung Süde virunzeschaffen. Fir eis bedeit dat, dass mir et mat enger weiderer Luedung Reen ze di kréien, déi zäitweis nach vun engem spierbare bis liicht stiermesche Wand ka begleet ginn. An de Spëtzten ass mat 50 bis 65 km/h ze rechnen, iwwerdeems d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 8 an 12 Grad klammen.

An da kënnt de Sonnden, deen bis an de Virmëtten era mol nach ka naass ginn – de Reen ass awer däitlech méi schwaach wéi an de Stonnen an Deeg virdrun. D’Temperature packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 7 an 10 Grad, de Wand ass mat Spëtzte vu 40 km/h zwar ëmmer nach spierbar ënnerwee mee wäit ewech vu stiermesch. Am Laf vum Nomëtte gi sonneg Momenter ëmmer méi warscheinlech an et gëtt méi dréchen.