Bléck op de Weekend: Vill Reen, staarke bis stiermesche Wand

Een Déif nom anere wärt a nächster Zäit iwwer Mëtteleuropa ewechzéien. Lëtzebuerg wärt soumadde nach eng Partie Passage vu Frontesystemer erliewen, déi eis méi staarke Reen a virun allem Wand brénge kënnen.

Reen a kräftege Wand net wechzedenken

Den Déifdrockafloss wärt also dëse Weekend net wierklech ofhuelen. Meechtens wärt et gro sinn, dobäi gëtt et och ëmmer rem naass. Et gesäit och ganz dono aus, wéi wann et zimmlech lëfteg bleiwe géif. Souguer méi stiermesch Momenter si méiglech, woubäi een awer nach keng genee Détailer nenne kann. Et gi nach ze grouss Onsëcherheeten tëschent de Modeller. Manner onsëcher ass et, waat de Reen ugeet: d’Modeller si sech eenz, dass bis de fréie Méindemoien ëm 25 bis 30 l/m² Reen, lokal och méi, eroofkomme wärten.

Freiden, 08. Mäerz 2019

De Freidemoien ass et meechtens bedeckt, dobäi kënnt et zu lokale Schaueren. D’Temperature leien tëschen 3 a 6 Grad, am Süde kënne se lokal bei 7 Grad leien. De Wand ass mat Spëtzte vun em 50 km/h ënnerwee. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op 4 bis 7 Grad erop, de Wand gëtt e bësse méi schwaach. Mëttes an am Nomëtten bleiwen d’Wollécke bei eis, allerdéngs reent et net méi sou oft oder zumindest net méi sou verbreet. D’Temperature areeche Maximalwerter vu 6 bis 10 Grad. De Wand bléist schwaach bis méisseg aus West-Südwesten a packt et an de Spëtzten op 40 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 8 bis 5 Grad zréck, ufanks ass et nach drëchen. Am Laf vun der zweeter Nuetshalschend kënnt aus Westen e Frontesystem eragezunn, deen eis neie Reen brénge wärt.

Samsden, 09. Mäerz 2019

De Samsdemoien ass et bedeckt an et reent verbreet, d’Temperature leien tësche 5 an 8 Grad. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op 6 bis 9 Grad erop, et gëtt alt mol nach naass. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 7 bis 13 Grad ze rechnen, de Wand ass méisseg bis staark aus Westen ënnerwee a packt et op Spëtzte vu 60 km/h. D’Wolléckendecke gëtt méi déck an et kann zäitweis méi staarke Reen eroofkommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 8 bis 4 Grad zréck, et reent weider.

Sonnden, 10. Mäerz 2019

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëschen 3 a 7 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 5 bis 8 Grad erop, et bleift ongemittlech bei Reeschaueren. Mëttes an am Nomëtte si Maximalwerter vu 6 bis 10 Grad ze erwaarden, de Wand ka Spëtzte vun ëm 70 km/h areechen. Et kënnt ab elo just nach vereenzelt zu Schaueren. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis 1 Grad zréck, zumols am Norde kann et mol zu lokale Schnéireenschaueren oder Flacke kommen.