Bléck op de Weekend: Vill Sonn a bis zu 25 Grad

Et ass Zäit vir e Bléck op de Weekend ze geheien! D’Temperature klamme weider, um Samsde kéinte souguer bis zu 25 Grad areecht ginn.

Um Samsden eventuell 25 Grad

De kommende Weekend dominéiert héije Loftdrock, deen eis vill Sonn a fréijoersméisseg bis summerlech Temperature brénge wärt.

Freiden, 19. Abrëll 2019

De Freidemoien ass den Himmel gréisstendeels kloer, d’Temperature leien tësche 4 an 11 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 13 bis 16 Grad erop, falls iergendwou Niwwel entstaanen ass, misst dëse lues awer sëcher verschwannen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 19 bis 23 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Ost-Südosten. An de Spëtzten ass mat 30 km/h ze rechnen. Am spéidere Nomëtte kënnen eenzel Wollécken entstoen, déi de Schauer- an Donnerwiederrisk minimal an d’Luucht drécken. Et sollt awer meechtens drëche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 11 bis 2 Grad, et klärt op.

Samsden, 20. Abrëll 2019

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tësche 5 an 12 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 16 bis 20 Grad erop. Mëttes an am Nomëtten huet d’Sonn weiderhin d’Iwwerhand, d’Temperaturen areeche Maximalwerter vun 20 bis 24 Grad. Eventuell kéint lokal un de 25 Grad gekraazt ginn. De Wand bléist zäitweis frësch aus Osten, dat mat Spëtzte vu 40 km/h. Um Owend an an der Nuecht ass den Himmel stärekloer, d’Temperature falen op 10 bis 3 Grad.

Sonnden, 21. Abrëll 2019

De Sonndemoien ass et kloer, d’Temperature leien tësche 5 an 12 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 14 bis 18 Grad erop, et bleift schéi frëndlech. Mëttes an am Nomëtten ass genee dat selwecht, dat bei Maximaltemperature vun 18 bis 23 Grad. De Wand bléist liicht spierbar aus Osten, dat mat 35 km/h. Um Owend an an der Nuecht bleift den Himmel kloer, dat bei 10 bis 1 Grad.