Bléck op de Weekend: Vill Sonn, d’Temperature klammen

De Weekend gëtt e rouegen a frëndlechen. D'Sonn weist sech, vu Nidderschléi feelt weiderhin all Spuer. D'Temperature klammen op en héichsummerleche Niveau.

D’Grousswiederlag

Mëtteleuropa geréit ëmmer méi ënner stabilen Héichdrockafloss, dat duerch en Héich wat vum Atlantik hier eriwwergeschwappt kënnt. Wärend dëser Beweegung ass et am Ufank nach net esou richteg waarm, dat kënnt eréischt fir de Sonnden. De Grond: Um Sonnde kënnt eréischt lues a lues d’Wiermtpompel aus Südwesteuropa un d’Rullen, op mannst fir eis mol – dann ass d’Héich nämlech esou wäit an den Oste virukomm, dass et mam Wiermtstroum, deen duerch en Déifdrockgebitt, wat viru Portugal läit, ugedriwwe gëtt, interagéiere kann.


De Verlaf vun der Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 15. Juli 2022

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 11 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 15 an 20 Grad erop. Den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 22 a 26 Grad ze erwaarden, de Wand bléist liicht bis liicht spierbar aus Norden. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et bleift sonneg an dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 a 15 Grad zréck, den Himmel bleift kloer.

Samsden, 16. Juli 2022

De Samsdemoien ass et gréisstendeels kloer, d’Temperature leien tëscht 14 a 16 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 an 22 Grad erop. Et bleift kloer bis liicht wollekeg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 23 an 28 Grad ze erwaarden, de Wand bléist zäitweis liicht spierbar aus Norden. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et bleift sonneg an dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 11 a 15 Grad zréck, den Himmel bleift kloer.

Sonnden, 17. Juli 2022

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 14 a 16 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 19 an 23 Grad erop. D’Luucht bleift blo. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 27 an 32 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift frëndlech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 15 a 19 Grad zréck, d’Luucht bleift kloer.