Bléck op de Weekend: Vill Sonn, soubal sech de Niwwel opgeléist huet

E Freiden a Samsde kënnt sech d'Sonn weisen, soubal sech dann de Niwwel opgeléist huet. Vum Sonnden u gëtt et ëmmer méi wollekeg an d'Schauerwarscheinlechkeet geet an d'Luucht.

D’Grousswiederlag

E gréissert Héichdrockgebitt mécht sech de Freiden an um Samsde bei eis breet. Bis de Sonnden inclus probéiert et sech nach un eis ze klammeren, en Ëmschwong ass dann awer imminent. Dësen Ëmschwong bréngt eis fir déi nächst Woch däitlech méi héich Temperaturen. Lëtzebuerg kënnt also fir eng kuerz Zäit aus dem Frigo eraus.


D’Grousswiederlag an der Nuecht op de Samsden mat groussem Héichdrockgebitt iwwer Lëtzebuerg | Grafik: wxcharts.com

De Verlaf

Muer um Freiden, 16. Dezember 2022 gerode mir ëmmer méi ënnert dat besot Héichdrockgebitt. Mir starte mat e puer Wolleken a warscheinlech nach Niwwelfelder an den Dag eran, d’Temperature leie nach uerdentlech am Keller. Wäerter vun tëscht -10 a -5 Grad sinn als warscheinlech unzegesinn – kënnt et awer esou änlech wéi an der vergaangener Nuecht, da kann et plazeweis och en Tick drënner goen. Am weidere Verlaf vum Dag klammen d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht -1 an 2 Grad, de Niwwel sollt sech an Tëschenzäit op de meeschte Plazen opgeléist hunn. Ass dat de Fall, da kënnt sech d’Sonn erëm weisen. Et gëtt also e frëndleche, mee zimmlech kille Wanterdag. Reen oder Schnéi steet keen un.

De Samsden erwaart eis e ganz änlechen Dag, an de Fréistonne si mir mat tëscht -9 a -5 Grad dobäi. Am Nomëtte klammen d’Wäerter op tëscht -3 a 0 Grad an et weist sech erëm déi selwecht Geschicht: de Niwwel muss sech opléise fir dass sech d’Sonn weise kënnt. Ofgesinn vum méigleche Niwwel ass mat kenge Nidderschléi ze rechnen.

De Sonnde gëtt en Iwwergangsdag, zumools déi lescht Stonnen dovun. Um Moie starte mir mol nach ganz änlech an den Dag eran wéi um Freiden an och um Samsden, d’Temperature sinn tëscht -8 a -5 Grad ënnerwee. Mëttes an am Nomëtte ginn 0 bis 2 Grad ugepeilt, a Richtung Owend a Nuecht gëtt et awer weiderhi méi waarm a net méi méi kill. Dat läit un enger Waarmfront, déi eis um spéidere Sonndenowend resp. an der Nuecht op de Méinden Nidderschléi brénge soll. Well de Buedem nach gefruer ass, kann et duerch de Reen, deen fale wäert, duerchaus mol zimmlech glat ginn. Méi dozou an engem separaten Artikel.