Bléck op de Weekend: Vill Wolleken, ëmmer erëm naass an däitlech méi kal

De Weekend iwwer ginn eis vill Wolleken zougespillt, duerch déi et och ëmmer erëm kann zu Nidderschléi kommen. Dat markantst un der Saach ass den Temperaturréckgang.

D’Grousswiederlag

Iwwert eise Käpp ass de Weekend iwwer vill lass. Aus Nordostdäitschland hier mécht sech eng Loftmassegrenz a Richtung Weste breet, wäert awer bei eis net grad de selwechten Afloss hunn. Aus Westen esouwéi och aus Oste ginn eis insgesamt méi kill Loftmassen zougespillt, déi éischt Kéier fir d’Saison wäert et Plaze ginn, un deenen d’Temperature net méi iwwer 4 Grad erausklammen (am Norden). Vum Sonnden u besteet bis an de fréie Méindemoien eran eng minimal Warscheinlechkeet vun éischte Flacken tëscht dem Reen – op méi sollt ee sech awer léiwer net freeën.


D’Verdeelung vun de Loftmassen um Samsdenowend | Grafik: wxcharts.com

Wolleken dominéieren

D’Wolleken dominéieren zwar bis de Sonnden inclus, an awer sinn dotëscht och mol sonneg Momenter méiglech. Um Samsden ass et meeschtens gro, ëmmer erëm ass mat Reen ze rechnen. No Fréiwäerter vun tëscht 4 a 7 Grad leien d’Temperaturen am spéidere Nomëtte nach bei tëscht 3 a 6 Grad. Et deet sech also eppes. Um Sonndemoie kann et besonnesch am Norden mat Wäerter vun ëmt de Gefréierpunkt an den Dag eragoen – duerch naass Stroosse sinn dann och glat Streckenofschnëtter net ausgeschloss. Am Laf vum Dag gëtt e Maximum vun tëscht 4 an 8 Grad erreecht. Et ass bedeckt, vum Nomëtten u kënnt eng Kalfront eragezunn a suergt erëm fir flächendeckende Nidderschlag. Bis an de fréie Méindemoien era besteet eng kleng Chance vun éischte Flacken tëscht dem Reen, dat op iwwer 500 Meter iwwert dem Mieresspigel. Glat Stroosse si méiglech.