Bléck op de Weekend: Vun 38 Grad op 26 Grad erof, Wiederrisk

Am Laf vum Weekend räisst den Zoustroum vun den extrem waarme Loftmasse sou lues of. Kal gëtt et awer net.

Temperaturréckgang, Wiederrisk

De Weekend wärten d’Temperaturen e Stéck zréckgoe, se bleiwen awer viraussiichtlech an engem summerleche Beräich. Mat dobäi kënnt d’Wahrscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren a Wiederen, déi vum Freiden un lues a lues an d’Luucht geet. Dësen hält bis de Sonnden un, wat awer nach laang net heescht, dass all Géigend eppes ofkritt. Fest steet awer, dass d’Natur de Reen dringend braucht.

Freiden, 26. Juli 2019

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 11 a 14 Grad a verschiddenen Däller. Meeschtens gi schon tëscht 20 a 26 Grad gemooss. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 30 bis 34 Grad erop, et zéien e puer Wollécken duerch. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 33 bis 37 Grad areecht, d’Sonn an e puer Wollécke wiessle sech of. Zumols vum spéidere Nomëtten un klëmmt d’Wahrscheinlechkeet vu lokale Wiederen. De Wand bléist meeschtens schwaach aus Südwesten, an de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Wäerter op 21 bis 13 Grad zréck, et si vill Wollécken ënnerwee a weider Schauere souwéi Wiedere si net onméiglech.

Déi extrem waarm Loftmass verzitt sech lues a lues (GFS / wxcharts.com)

Samsden, 27. Juli 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, dobäi si Schaueren a Wiedere méiglech. D’Temperature leien tësche 17 an 22 Grad. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op 23 bis 25 Grad erop, et bleift bedeckt an et kann ëmmer nach naass ginn. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 25 bis 28 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordweste mat 30 km/h an de Spëtzten. Just an der Géigend vun engem Donnerwieder kann de Wand méi staark ginn. Trotz ville Wollécke sollt et just heiansdo naass ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Wäerter op 19 bis 15 Grad zréck, eenzel Schauere kënne net ausgeschloss ginn.

Sonnden, 28. Juli 2019

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tësche 16 a 19 Grad. Lokal kann et reenen. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 19 bis 22 Grad erop, d’Schauerwahrscheinlechkeet bleift bestoen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 20 bis 24 Grad areecht, de Wand bléist liicht spierbar aus Nordweste mat Spëtzte vun 30 km/h. Déi vill Wollécke bleiwe bei eis, lokal ass och e Wieder méiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 16 bis 11 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wolléckeg.