Bléck op de Weekend: Wand am Fokus, dobäi vill ze mëll Temperaturen

Eis steet e potenziell turbulente, mee zur selwechter Zäit och vill ze mëlle Weekend befir.

Lefteg bis potenziell stiermesch

De Weekend kënnt Schwong an d’Grousswiederlag. Duerch Déifdrockgebitter a Randdéifer (Schnellleefer) gëtt et net nëmme gro a naass, mee och nach zimmlech lefteg. Plazeweis wäert et och zu Stuermstéiss bis hin zu vereenzelte schwéiere Stuermstéiss komme kënnen. Nieft dem Wand bleift och nach ze soen, dass d’Loft zwar fiicht ass, mee och zimmlech mëll. Wanterlecht Wieder ka sech also och dëse Weekend net duerchsetzen.

Freiden, 13. Dezember 2019

De Freidemoien ass et staark bedeckt an et kann och mol méi zolitt reenen, d’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad a pendle sech am Virmëtten tëscht 2 a 6 Grad an. Et reent weider, duerch d’Temperature kann de Reen op de Koppen och rem kuerz a Schnéireen iwwergoen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 3 bis 7 Grad ze rechnen, de Wand bléist an de Spëtzte mat tëscht 50 a 65 km/h, lokal kéint et och fir 70 km/h duergoen. Et reent virun, je no Géigend ass nach ëmmer mol déi eng oder aner Flack drënner. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 2 Grad zréck, et bleift naass an et gëtt no a no méi lefteg.

Video vum 12. Dezember 2019

Samsden, 14. Dezember 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 4 an 8 Grad. De Wand gëtt ëmmer méi staark a packt et op Spëtzte vun em 75 km/h. Am Virmëtte solle Spëtzten tëscht 70 a 85 km/h méiglech sinn, je no Géigend kënnen och em 90 km/h net ausgeschloss ginn. Et reent weider. Mëttes an am Nomëtten ännert sech net vill un den Temperaturen, de Wand gëtt bësse méi schwaach. An de Spëtzte gi nach tëscht 50 a 70 km/h areecht. No enger kuerzer Paus kënnt aus Westen neie Reen an d’Land. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 5 Grad zréck, et bleift ongemittlech. Haaptsächlech dem amerikanesche Wiedermodell GFS no soll de Wand rem fir eng kuerz Zäit op 70 bis 90 km/h opfrësche kënnen, iwwerdeems aner Modeller net-warnrelevant Wandstéiss komme gesinn.

Sonnden, 15. Dezember 2019

De Sonndemoie reent et ëmmer nach, d’Temperature leien tëscht 6 an 11 Grad. Kuerz kënne nach Wandvitesse vun tëscht 50 a 70 km/h virkommen. Am Virmëtte klammen des Wäerter net vill méi wäit, et gëtt no a no manner naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 7 bis 11 Grad areecht, de Wand bléist nach zäitweis spierbar mat Spëtzte vu 40 km/h aus Südwesten. Et sinn ëmmer nach vill Wolleken ënnerwee, et bleift meeschtens drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 5 Grad zréck, et bleift bedeckt an et kënnt neie Reen eragezunn.