Bléck op de Weekend: Wanter kënnt erëm ugeschlach, turbulente Sonnde méiglech

Schonn vum Donneschden u komme no a no erëm méi kill Loftmassen zu Lëtzebuerg un, déi sech an den Deeg drop bei eis breetmaache wäerten. De Wanter kënnt also erëm lues a lues ugeschlach, besonnesch um Sonnde kéint eis eng méi interessant Situatioun ustoen.

fir d’lescht aktualiséiert: Chrëschtdag, 25. Dezember 2020 – 11:38 Auer

Grousswiederlag stellt sech ëm

Wéi schonn laang ugekënnegt, ass sech d’Wiederlag elo um Donneschden amgaang ëmzestellen. Mir geroden ënnert den Afloss vu polare mee och fiichte Loftmassen aus Nordwesten. De Weekend wäert sech dëser Ëmstellung no gestalten, um Sonnden kéint et doduerch och e gutt Stck méi turbulent duerch stiermesch Wandstéiss & Schnéi ginn.

Freiden, 25. Dezember 2020

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis wollekeg, d’Temperature leien tëscht -1 an 3 Grad a klammen a bleiwen och am Virmëtten an dësem Beräich. Wann d’Niwwelfelder fort sinn, déi och lokal méiglech sinn, da ka sech d’Sonn och mol weise kommen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 0 bis 6 Grad areecht, et zéien e puer Wolleken duerch. Dotëscht sinn eenzel sonneg Momenter méiglech, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nord-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et gëtt duerno no a no manner wollekeg, d’Sonn ka sech nach séier weise kommen ier se ënnergeet. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -1 an 2 Grad zréck, aus Westen hier kommen erëm e puer eenzel Wolleken eragezunn.


De Verlaf vum Weekend vun uewe gekuckt | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 26. Dezember 2020

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht -1 an 2 Grad. Glat Stroosse si méiglech. Am Virmëtte bleiwen dës Wäerter am selwechte Beräich, d’Wolleke bleiwen och bei eis. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun 1 bis 4 Grad ze erwaarden, et gëtt no a no méi wollekeg. Et sollt awer nach dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 3 bis 0 Grad zréck, aus Weste kommen ëmmer méi kompakt Wolleken eragezunn. Um spéideren Owend / géint Mëtternuecht kënnt Nidderschlag eragezunn, deen duerch déi niddreg Temperaturen als Schnéi a Schnéireen erofkomme wäert. Dëse Schnéifall verstäerkt sech an der Nuecht op de Sonnden, et besteet de Risk vu glate Stroossen.

Sonnden, 27. Dezember 2020

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et schneit op de meeschte Plazen, d’Temperature leien tëscht -1 an 3 Grad. Am Virmëtte pendle sech dës Wäerter tëscht -1 an 2 Grad an, et bleift gro an et schneit virun – dat och mol méi staark. Op de Koppen ass scho mol sécher mat enger Schnéicouche ze rechne, wa sech déi aktuell Modellrechnunge wierklech esou duerchsetze sollten. Och op méi niddrëge Plaze sinn Akkumulatioune net onméiglech. Parallel dozou bléist eis e stiermesche Wand ëm d’Oueren, deen et an de Spëtzten op tëscht 50 an 80 km/h packt. Lokal begrenzt sinn och Vitesse vun ëm 90 km/h net ausgeschloss. Mëttes an am Nomëtte bleift et bedeckt an et schneit virun, d’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad. Besonnesch am Süde kéint et sinn, dass de Schnéi erëm méi a Schnéireen iwwergeet. Eng Schnéicouche bleift am Norden am warscheinlechsten. D’Modeller rechnen do op mannst mat 4 cm, eenzelne Rechnunge no kéinte mir bei iwwer 15 cm ukommen. De Wand ass nach kräfteg ënnerwee, leet sech awer an de Stonnen drop ëmmer méi. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis 1 Grad zréck, de Schnéireen & Schnéifall bleift eis erhalen. Glat Stroosse sinn ze erwaarden.


All d’Modeller rechne mat enger Schnéicouche. GFS: 1 – 3 cm, ECMWF 3 – 20 cm, ICON 1 – 11 cm, ARPEGE 2 – 25 cm | Grafik: wxcharts.com