Bléck op de Weekend: Wanterfrënn, genéisst d’Wieder elo mol nach!

All de Schnéi an d’Äis dobausse wäerte mir schonn geschwënn net méi gesinn. Wa Loscht besteet, mam Schlitt ze fueren oder soss Aktivitéiten, da sollt een elo nach dovu profitéieren.

D’Grousswiederlag

Haut um Freide leie mir matten ënner Héichdrockafloss, mee schonn muer um Samsde fänkt dat Ganzt un un d’Wackelen ze kommen. De richtegen Ëmschwong sollte mir e Sonnden lues a lues spieren, well eist Héichdrockgebitt dann a Richtung Oste verdrängt gëtt.


De Verlaf vun der Grousswiederlag bis an d’Nuecht op e Méinden | Animatioun: wxcharts.com

Vu Westen hier dréckt en Déifdrockgebitt mat sengem Frontesystem eran, deen eis an der Nuecht op e Méinden/um Méindemoien erwaart. Dës Front bréngt och méi waarm Loftmassen op Lëtzebuerg, esoudass de Schnéi geschwënn de “Schnéi vu gëschter” wäert sinn. Fir mam Schlitt ze fuere sollt een am beschte nach vun haut an och muer dem Samsde profitéieren.

De Verlaf

De Moment kritt sech d’Sonn erëm no a no besser gewisen, dat well sech den Héichniwwel opléist. D’Temperature leien de Moment bei tëscht -3 a 0 Grad a wäerten haut och net méi vill méi héich klammen. An der Nuecht op muer ass den kloer bis dréif, et killt richteg gutt of. Op ville Plaze geet et op -8 Grad zréck, punktuell kann et awer och op -10 bis -15 Grad ofkillen.

Muer de Moie starte mir dann och mat dëse Wäerter an den Dag eran, mir kréien et awer erëm mat Niwwel ze dinn. Dëse kann méi zéi ausfalen, esoudass et ganz op deen ukënnt, ob mir et mat engem sonnegen Dag ze di kréien oder ob et dréif bleift (Stéchwuert: Niwwel-Lotto). Mëttes an am Nomëtte gëtt en Temperaturmaximum vun tëscht -3 an 1 Grad erreecht, et wäert net reenen – a mat Chance gëtt et jo sonneg.

An der Nuecht op e Sonnde kann et nach eng Kéier gutt ofkillen -4 bis -8 Grad sinn ze erwaarden, plazeweis kënnen awer erëm ënner -10 Grad dobäi sinn. E Sonnde selwer gëtt et lues a lues ëmmer méi wollekeg, et bleift awer dréchen. D’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 2 a 5 Grad. An der Nuecht op e Méinde komme Nidderschléi a Form vu Reen op – a well d’Biedem net esou séier entdeeë, kéint et sinn, dass et ganz kuerz mol nach zu engem Risiko vu glate Stroosse kënnt.