Bléck op de Weekend: Wanterlech kill a gréisstendeels dréchen

De Weekend iwwer leie mir gréisstendeels ënner Héichdrockafloss. Nëmmen heiansdo probéiert déiwe Loftdrock dotëschtzefunken.

Advertisement

D’Grousswiederlag

E Freiden zitt vun der Nordséi aus en Déifdrockgebitt iwwert eis ewech, dat mat der Probabilitéit fir e puer Schnéischaueren. E Samsde gerode mir ënnert eng Héichdrockzong, déi sech vun Skandinavien aus op Lëtzebuerg erof erstreckt, ier am Laf vum Sonnde vun Osten hier déiwe Loftdrock probéiert méi no ze kommen. All ze vill a Saachen Action wäert sech de Weekend awer net bei eis doen.


De Verlaf vum Weekend, ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Wéi gesot, erwaart eis muer um Freiden en Déifdrockgebitt, wat vun der Nordséi hier op Lëtzebuerg zitt. Dëst bréngt eis polar Loftmassen an d’Géigend, déi Nidderschléi ausléise kënnen. Kënnt et dozou, da si virun allem vum spéidere Nomëtten u Schnéischaueren ze erwaarden. Um Moie starte mir mat -5 bis -3 Grad an den Dag, am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht -1 an 1 Grad erreecht. E Samsde wiessle sech Sonn a Wolleken of, soubal sech de Niwwel opgeléist huet. D’Temperature leien am Ufank bei -3 bis 0 Grad, packen et am Dag awer op -2 bis 1 Grad.

E Krack méi kill gëtt d’Nuecht op de Sonnden, dat mat -6 bis -3 Grad. Am Nomëtte ginn tëscht -4 a -1 Grad ugepeilt, mir klammen also net iwwert de Gefréierpunkt eraus. Et si vill Wolleken ënnerwee, nëmme mat Chance ass e kuerze sonnege Moment dobäi. Am spéidere Nomëtte besteet eng minimal Warscheinlechkeet vun eenzelne Flacken, déi aus Osten eragezu kommen. Dës Flacke staame vun engem Schnéifallgebitt, wat e Sonnden iwwert de Gros vun Däitschland ewechzitt. Déi meescht Modeller gesinn, dass de System um Wee op Lëtzebuerg erdiichtere soll an domat kee gréisseren Afloss méi op eis sollt hunn.