Bléck op de Weekend: Wanterlech kill a punktuell e puer Flacke méiglech

Kënnt Dir Iech nach un d’Stéierungen erënneren, vun deene mir gëschter geschwat haten? E Samschden erwaart eis esou eng a kann eis, zumools op de Koppen, och mol vereenzelt Flacke bréngen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Muer um Freide leie mir nach gréisstendeels ënner Héichdrockafloss, deen am Laf vum Samschden awer kuerzzäiteg verdrängt gëtt. Schold drun ass en Déifdrockgebitt, wat iwwert dem skandinavesche Raum läit. D’Kalfront dovun gräift um Owend op eis iwwer, wouduerch et zumools am Norden och mol zu vereenzelte Flacke komme kann. E Sonnde wäert d’Déif viraussiichtlech iwwert dem äusserste Weste vu Russland leien, iwwerdeems sech en Héich, wat iwwert dem Süde vu Frankräich läit, erëm probéiert an eis Géigenden auszebreeden. Esou ganz wäert dat nach net geléngen, mee et gëtt schonn erëm lues a lues méi roueg.

De Verlaf

Muer um Freiden hu mir mol nach weiderhin d'”Problematik” vum Niwwel, bei dem sech duerch Modellrechnunge leider nëmme schlecht soe léisst, ob e sech sécher opléise wäert oder net. D’Sonn ass do, mee se ass eben duerch en dënne Schleier u Niwwel/nidderege Wolleken verstoppt. Ob sech dësen dënne Flom muer am Laf vum Dag opgeléist kritt, wéi dat verschidde Modeller gesinn, muss ofgewaart ginn. Klappt et awer, dann erwaart eis en Dag mat vill Sonn a just e puer wéinege Wolleken.


De viraussiichtleche Verlaf vum Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Fir e Samschde si méi Wolleke virgesinn, zumools am Laf vum Nomëtten. Vum Owend u kënnt d’Kalfront vum beschwaten Déif méi no, déi eis tëscht dem fréien Owend an der éischter Nuetshallschent e puer Nidderschléi bréngt. Duerch déi niddereg Temperature kënnen dës plazeweis och als Schnéireen falen, op den héchste Koppen am Norde kënnen dat och kuerzzäiteg Schnéischauere sinn. No Mëtternuecht geet d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi lues a lues zréck. E Sonnde leie mir genee tëscht dem Déif an dem ugeschwaten Héich. Mir hunn et also nach mat enger Partie Wolleken a méigleche Niwwelfelder ze dinn, woubäi d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi awer méi niddereg ass. Just am Nomëtten ass se wärend enger kuerzer Zäitfënster erëm liicht méi héich.

Wat d’Temperature betrëfft leien d’Wäerter de Weekend iwwer ëmmer nach am wanterleche Beräich, änlech wéi mir et e Méinden am Wochenausbléck ugeschwat haten. Muer um Freiden ass mat 1 bis 4 Grad als Maximalwäerter ze rechnen, bis an de fréie Samschdemoien era ginn d’Wäerter awer op tëscht -4 a -1 Grad zréck. E Sonnde selwer ginn et am Dag nach 1 bis 4 Grad, duerno geet et op -1 bis 2 Grad erof. Wéi genee sech d’Temperaturen entwéckelen, huet och domat ze dinn, wéi sech de Niwwel verhält. Bleift e méi laang wéi geduecht oder ass e méi déck, da kënnen d’Temperaturen am Dag nach en Tick méi niddereg ënnerwee sinn.