De Weekend steet virun der Dier, an dësen wäert erëm haaptsächlech ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock stoen.
D’Grousswiederlag
Mir starten de Weekend mat héijem Loftdrock iwwert dem Gros vum Kontinent, säin Zentrum läit méi a Richtung Mëttelmier. Bis e Sonnden ännert sech net all ze vill dodrun, just dass iwwer Nordeuropa déiwe Loftdrock säi Gléck probéiert. Dëse Weekend dierft et awer nach net esouwäit sinn.
Mir geroden also, wéi gesot, erëm ënnert d’Zoufuer vu méi waarme Loftmassen, déi fir d’Joreszäit definitiv vill ze héich ugesat sinn.
De Verlaf
Wéi an de leschten Deeg och schonn, huet de Niwwel an Tëschenzäit och erëm e Wuert matzeschwätzen. Dëse weist sech entweder als Buedem- oder och mol als Héichniwwel a kann eis Sonn dorun hënneren, sech weisen ze kommen. Muer um Freiden wäert dëse Faktor och erëm eng Roll spillen, mee sollt alles gutt goen dann kéim sech d’Sonn am Nomëtten op alle Fall weisen. D’Temperature leien an de Moiesstonnen tëscht 5 an 8 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 17 a 19 Grad.
Fir e Samsde sollte sech d’Chancen op sonneg Momenter, a virun allem hir Dauer, aus aktueller Siicht gesinn verbesseren. D’Temperature leien am Ufank nach bei 7 bis 9 Grad an erreechen 18 bis 22 Grad am Nomëtten. De Sonnden gëtt et mat 20 bis 24 Grad nach en Tick méi waarm, iwwerdeems sech Sonn a Wolleken ofwiesselen – esoubal de Niwwel fort ass.