Bléck op de Weekend: Weiderhi summerlech a just e puer Schleierwolleken

Och de Weekend iwwer gi mir ëmmer nach vun héijem Loftdrock versuergt. Et bleift schéi sonneg an agréabel waarm.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer breet sech eist Héichdrockgebitt, wat mat sengem Kär knapp westlech vun de britteschen Insele läit, ëmmer méi wäit a Richtung Osten aus. Géint e Méinde wäert sech iwwert der Ostséi en zweeten Héichdrockkär ausbilden. Iwwert dem Mëttelmierraum si weiderhin Déifdrockgebitter um Wierk, déi doënne fir lokal zolitte Reen suergen, iwwerdeems Mëtteleuropa dréche bleift. Och suergen dës Déifdrockgebitter dofir, dass duerch hirt Stréimungsbild ëmmer nach agréabel bis summerlech Loftmassen op Lëtzebuerg eropgedroe ginn.


De Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

De Weekend iwwer bleift et gréisstendeels sonneg, et komme just e puer eenzel Schleierwolleke mat dobäi. Wa mir muer vum Freide schwätzen, da gëtt et just e bësse manner waarm. Tëscht 18 an 21 Grad sinn als Maximaltemperatur ze erwaarden, lokal kéint et och fir 22 Grad duergoen. Et ass schéi sonneg.

E Samsde geet den Thermometer erëm e gutt Stéck an d’Luucht. An der Nordhallschent ass mat tëscht 21 a knapp 25 Grad ze rechnen, soss kënne bis zu 27 Grad erreecht ginn. De wäermste Punkt wäert viraussiichtlech erëm am äusserste Südoste vum Land ze fanne sinn. Et zéien allerhéchstens e puer eenzel Schleierwolleken duerch.

E Sonnde bleift et sonneg mat eenzelne Schleierwolleken, dobäi packen et d’Temperaturen am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 22 a 25 Grad am Norden a bis zu 27 Grad an der Südhallschent. Am äusserste Südoste kéint och mol un den 28 Grad gekrazt ginn. Et bleift frëndlech.

An der neier Woch geet et summerlech virun, d’Wolleke melle sech nëmmen a klenge Schrëtt erëm ëmmer méi bei eis. Mir hunn also nach e puer schéin a summerlech Deeg virun eis.