Bléck op de Weekend: Weiderhin zäitweis naass, mee awer och sonneg Ofschnëtter

De Weekend steet virun der Dier, an dowéinst kucke mir eis dësen elo e bësse méi genee un. Klengen Tip awer schonn: De Prabbeli wäert nach zäitweis nëtzlech sinn.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer leie gréisser Deeler vum nordwestleche Kontinent ënnert dem Afloss vun engem Déifdrockkomplex, deen mat senge Kären iwwert dem Nordatlantik, Island, Grönland mee deels awer och de britteschen Inselen positionéiert ass. Zäitweis kënnen d’Ausleefer dovun och op Westeuropa ausgräifen an esou fir weider Schaueren an och mol punktuell Donnerwieder suergen. Wat dat grobt Insgesamtbild ugeet, ännert sech also net vill.

De Verlaf

Muer um Freide steet iwwert der Mëtt, dem Westen an och Deeler vum Nordweste vun Däitschland eng ugespaant Wiederlag un, déi punktuell och fir Onwieder ka suergen – dat erëm haaptsächlech duerch Staarkreen. Dat selwecht Reegebitt soll zwar de meeschte Modeller no nërdlech un eis laanschtzéien, wat awer net ausschléisst, dass et am Beräich dovu guer net méi wäert naass ginn. Ëmleiend dovu forméiere sech nämlech op enger méi lokaler Basis erëm e puer Schaueren, déi eis muer och zu Lëtzebuerg kënne beschäftegen. En eenzelt Dimmer ass och méiglech. Wéi vill et wou am Land wäert reenen, léisst sech aktuell awer nëmme schwéier soen. Meeschtens ass et net der Ried wäert, mee punktuell sinn definitiv mol markant Zomme méiglech, fläit esouguer bis an de warnrelevante Beräich. D’Temperaturen erreeche 16 bis 19 Grad.


De viraussiichtleche Verlaf laut ECMWF-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Fir e Samsde gesäit et no engem Mix aus Sonn an e puer Cumuluswolleken aus, déi eis heiansdo e puer Schauere kënne bréngen. D’Intensitéit dovun hält sech awer a Grenzen – an och wat d’Quantitéiten ugeet, sollt net all ze vill dobäi sinn. Mat engem Prabbeli ass awer sécherlech näischt falsch gemaach. D’Temperature pascken et op 16 bis 18 Grad.

E Sonnden zitt e Pak Wolleken duerch, dotëscht kënnt d’Sonn awer och luussen. Lokal gëtt et nach e bësse naass, mee et sollt nach manner sinn wéi um Samsden. D’Temperature si mat engem Maximum vun tëscht 16 an 20 Grad ënnerwee.

An der neier Wiederwoch wiessele sech méi frëndlech Phasen mat manner gudde Phasen of. Et bleift also variabel, wärend eis Temperature liicht klammen.