
Weiderhi geschitt net all ze vill, alles an allem bleift et roueg. D’Warscheinlechkeet vu glate Streckenofschnëtter bleift duerch Nätzt déi fréiert a lokaalt Gefisems/Geflacks awer present.
Advertisement
D’Grousswiederlag
D’Déifdrockgebitt, wat mir an de vergaangenen Artikelen ugeschwat hunn, wäert sech muer ufänken, iwwer Frankräich breetzemaachen. Bis e Samschde soll et do nach en entscheedenden Impakt hunn, ier et sech opléist.

Am Verglach zu de Modellrechnungen aus de leschten Deeg zitt d’Déif méi wäit westlech a net méi esou wäit an de Norden, wat och heescht, dass et e manner groussen Afloss op eis wäert hunn. Um fréie Samschdemoie wier nach mat e puer Flacken ze rechne, mee duerno sollt et awer gréisstendeels dréche bleiwen – woubäi liicht Gefisems duerch Niwwel weiderhi méiglech bleift.
De Verlaf
Muer um Freiden dominéieren d’Wolleken a plazeweis och d’Niwwelfelder. Besonnesch bis mëttes kann et duerch geréngfügege Nidderschlag wéi Gefisems oder Schnéi-Gegrimmels och mol zu glate Streckenofschnetter komme, besonnesch am Norden. Duerno ass et einfach just nach meeschtens gro, iwwerdeems soss net vill ännert. D’Temperature klammen op tëscht 0 a 4 Grad als Maximum. E Samschden ass et och haaptsächlech déi éischt Dageshallschent an där et zu liichte Nidderschléi soll kommen. Oft ass et Reen, plazeweis duerch déi niddereg Temperaturen awer och mol Flacken. Am weidere Verlaf vum Dag hëlt den Héichdrockafloss zou, mat Chance kritt sech d’Sonn och mol kuerz duerchgekämpft. Doduerch, dass sech d’Déif anescht verlagere kéint wéi geduecht, wieren dem momentane Stand no tëscht 5 an 10 Grad méiglech.
E Sonnde läit den Zentrum vun engem Héichdrockgebitt iwwert den Alpen a gläichzäiteg nach en aner Héichdrockgebitter iwwert der Nordséi esouwéi och Russland. Mir leien also tëscht deenen dräi, wat also entweder an engem wollekegen oder niwwelegen Dag ka resultéieren. D’Temperature kënnen op e Maximum vun tëscht 7 an 10 Grad klammen.
Sollt sech d’Positioun vum Déif, déi immens ausschlaggebend fir de Weekend ass, erëm änneren an doduerch den elo geschriwwenen Text op d’Kopp geheien, da kënnt muer e weideren Update dozou.