Bléck op de Weekend: Zäitweis lefteg an och mol naass, mee keng grouss Quantitéiten

De Weekend iwwer gëtt et haaptsächlech iwwert dem Nordoste vun Däitschland méi ongemittlech, iwwerdeems mir bei eis keng all ze grouss Beweegung ze erwaarden hunn.

Grousswiederlag

Héije Loftdrock huet de Moment d’Kontroll iwwert den Ostatlantik, Südeuropa an och de Mëttelmierraum. De Weekend iwwer beweegt sech e Stuermdéif vun Island hier a Richtung Skandinavien a bréngt eis doduerch méi Wolleken an och liichte Reen, bei deem d’Quantitéiten awer net wierklech der Ried wäert sinn. E gréisseren Effekt huet dëst Déif op de Nordoste vun Däitschland, do si nämlech schwéier Stuermstéiss vu bis zu iwwer 100 km/h ze erwaarden.


D’Grousswiederlag fir de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 28. Januar 2022

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis hin zu gro duerch Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad. Am Virmëtten ännert sech net all ze vill dorun, de Niwwel sollt no a no manner ginn. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 3 a 6 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Wann de Niwwel fort ass, bleiwen eng Partie Wolleken iwwerëg. Dotëscht ka sech mat Chance d’Sonn kuerz weise kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 4 Grad zréck, d’Luucht ass meeschtens zou duerch Wolleken a Niwwel.

Samsden, 29. Januar 2022

De Samsdemoien ass et staark bedeckt a niwwleg, d’Temperature leien tëscht 2 a 4 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 3 a 5 Grad erop. Et bleift gro a niwwleg, Fisemreen ass méiglech. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 6 a 9 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Et bleift gro, vum spéidere Nomëtten u setzt groussflächeg liichte Reen an, deen am Laf vum Owend schonn erëm noloosse wäert. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 4 an 8 Grad an, trotz enger Partie Wolleke sollt et dréche bleiwen.

Sonnden, 30. Januar 2022

De Sonndemoien ass et meeschtens gro duerch Wolleken an och e puer Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 2 a 4 Grad a bleiwen och am Virmëtten op dësem Niveau. Et gëtt mat Chance schonn manner gro. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 4 an 8 Grad ze erwaarden, wann de Niwwel verschwënnt mécht sech d’Sonn alles anescht wéi rar. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordwesten, an de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -1 bis 1 Grad zréck, duerch Nätzt déi fréiert kann et punktuell glat ginn. A Richtung Méindemoie fréi gëtt et schonn erëm e bësse méi mëll.