Bléck op de Weekend: Zäitweis naass a weiderhi mëll Temperaturen

Mir bleiwen ënnert der südwestlecher bis südlecher Stréimung, et ännert sech also net wierklech eppes.

D’Grousswiederlag

Och elo de Weekend iwwer hu mir et mat enger Blockad vum Atlantik ze dinn, déi duerch Déifdrockgebitter erbäigefouert gëtt. Parallel dozou läit héije Loftdrock iwwert dem ëstleche Kontinent – d’Kombinatioun aus den zwou Tatsaache féiert weiderhin dozou, dass mir ënnert enger südlecher bis südwestlecher Stréimung leien. Waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum esouwéi och deels aus Afrika fannen also weiderhin de Wee op Lëtzebuerg.


De Verlaf vun der Grousswiederlag de Weekend iwwer | Animatioun: wxcharts.com

Well mir awer méi no um déiwe Loftdrock leie, gëtt et zäitweis awer och erëm naass. D’Variatioun vum Wiederzoustand hier ass also als hierschtlech ze bewäerten, d’Temperaturentwécklung éischter net esou.

De Verlaf

Haut um Freiden ass bis an de fréie Mëtten era mat Reen ze rechnen, eréischt an de Stonnen duerno gëtt et erëm méi dréchen. D’Temperature peilen haut Maximalwäerter vun tëscht 16 a 19 Grad un. Muer um Samsde wiessle sech Sonn a Wolleken of, et setzt erëm eng kuerz méi dréche Period an. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 16 an 20 Grad. Eng kleng Ännerung gëtt et de Sonnden, wou et am Laf vum Dag erëm zu eenzelne Schauere komme kann. All ze laang sollt dat awer net unhalen, de Modeller no soll et vum Nomëtten u schonn erëm méi dréche ginn. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 17 an 22 Grad – et bleift also weiderhin däitlech ze waarm fir d’Joreszäit.

Den Détail fir déi eenzel Deeg fannt Dir hei.

Och wa mir an déi nächst Woch erakucken, bleiwen d’Temperaturen am selwechte Beräich.