Lues a lues verännert sech eis Wiederlag. Den Déifdrockafloss hëlt zou, iwwerdeems et méi mëll gëtt.
Advertisement
D’Grousswiederlag
An de leschten Deeg louch eng Déifdrockzon iwwert de skandinavesche Länner, iwwerdeems en Héich iwwert den Azore louch. Doduerch goufen eis ënnerduerchschnëttlech Loftmassen zougespillt, déi an de leschten Deeg esouguer fir Buedemfrascht gesuergt hunn.
Elo komme mir awer lues a lues aus dësem “Lach” eraus: Et leet sech déiwe Loftdrock iwwer Westeuropa, iwwerdeems héije Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum an och dem Oste vun Europa läit. Doduerch ginn eis méi fiicht, mee no enger Zäit (d’nächst Woch) och méi waarm Loftmassen aus Südwesteuropa zougespillt.
De Verlaf
Muer um Freide kënnt schonn déi éischt Front vun engem Déifdrockgebitt eran, fir genee ze sinn d’Waarmfront. Un dëser forméiere sech ëmmer erëm Nidderschléi, iwwerdeems et dotëscht awer ëmmer nach heiansdo zu sonnegen Ofschnëtter kënnt. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 16 an 20 Grad, um fréie Moie si mir mat 8 bis 12 Grad wäit vun dem deels esouguer Buedemfrascht ewech, deen mir an de leschten Deeg haten. An der Nuecht op de Samsde kënnt dann d’Kalfront vum Déifdrockgebitt eran, wat heescht, dass d’Reewarscheinlechkeet an där Zäit och net wäert zréckgoen. Deemno wéi kann et och fir méi kräfteg Schliet duergoen.
Um Samsden ass virun allem bis an de Virmëtten eran mol nach mat Nidderschléi ze rechnen, duerno soll et aus aktueller Siicht gesinn esouguer meeschtens dréche bleiwen – dat bei engem Mix aus Sonn a Wolleken. D’Temperature packen et op 14 bis 18 Grad. E Sonnde wiessle sech Sonn a Wolleken erëm of, deels falen se méi kompakt aus. Eenzel Schauere sinn erëm méiglech, mee vun de Reequantitéiten hier sollt net vill dobäi sinn.
Vun der nächster Woch un gëtt et méi waarm an och méi schmeier. De Risk vun deels kräftegen Donnerwieder géif an eise Géigenden also an d’Luucht goen.