Bléck op de Weekend: Zwar méi waarm, mee ëmmer nach onbestänneg

Muer um Freide leie mir nach ënner liichtem Afloss vum Héichtendéif vun haut, ier dann e Samsden an e Sonnde fiicht Loftmassen aus dem Südwesten an eis Géigende kommen. Doduerch gëtt et méi waarm, dréche bleift et awer net.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Wéi gesot, läit muer um Freide mol nach en Deel vum Héichtendéif iwwert eis. Doduerch entsti weiderhi Nidderschléi, punktuell ass eng méi kräfteg Schauer oder e kuerzt Donnerwieder net onméiglech. E Samsde kënnt e Schwall u méi mëlle Loftmassen aus dem Südweste vun Europa bei eis eropgezunn, deen sech bis e Sonnde probéiert ze halen. D’Temperature klammen doduerch zwar, allerdéngs ass mat weidere Schaueren ze rechnen. Et sollt awer net onënnerbrach reenen, dotëscht si nämlech trotzdeem sonneg Momenter ze erwaarden.


De Verlaf vun der Grousswiederlag iwwer Europa bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Muer um Freide wiessle sech Sonn a Wolleken of, haaptsächlech am Nomëtte besteet d’Warscheinlechkeet vun e puer Schaueren. E kuerzt Donnerwieder ka net ausgeschloss ginn, mee et betrëfft eben déi allermannst. D’Temperature starten tëscht 1 an 3 Grad a packen et am Nomëtten op tëscht 12 a 15 Grad. Um Owend geet déi begrenzt Schauerwarscheinlechkeet zréck.

E Samsde geet d’Schauerwarscheinlechkeet wärend dem Virmëtten erëm an d’Luucht, déi sech dann bis an den Owend eranzitt. Och dës Kéier gëllt, dass net jiddereen eng Schauer ze gesi kritt. Tëscht den décke Wolleke weist sech d’Sonn och heiansdo. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 14 a 16 Grad, laanscht d’Musel sinn och 17 Grad net ausgeschloss.

E Sonnde schéngen d’Schaueren dem momentane Stand no e bësse méi fréquent kënnen opzetrieden. D’Warscheinlechkeet zitt sech vum fréie Moie bis an de fréien Owend eran, ier dann awer och kuerz manner wollekeg Momenter optriede kënnen. D’Temperature klammen am Dag op e Maximum vu nach 10 bis 14 Grad.

An der neier Woch soll et zwar net komplett dréche bleiwen, d’Warscheinlechkeet geet awer e bëssen zréck.