Bléck op de Wekeend: Chancen op e bësse Reen verbessere sech

Fir déi lescht Deeg haten d’Modeller ëmmer erëm d’Warscheinlechkeet fir lokal Schauere gewisen, déi sech dunn awer net grad esou an d’Realitéit ëmgesat kruten. Fir de Weekend gesäit et e bësse besser aus.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Iwwert dem Mëttelmierraum an och Südosteuropa bleift dat grousst Héichdrockgebitt bestanen, iwwerdeems d’Déifdrockgebitt weiderhin iwwer Nordeuropa ëmgeleet gëtt. Dëst léisst eis also weiderhin ënnert enger variabler Weststréimung verbleiwen, wat eis iwwert de Weekend mat Chance och e bësse Reen kéint bréngen. De Wand wäert och spierbar zouhuelen.


De Verlaf vun der Grousswiederlag bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Muer e Freide besteet virun allem bis an de spéidere Virmëtten eran d’Warscheinlechkeet vu lokal e bësse Reen, mir starte bei 12 bis 16 Grad. Vum Mëtten u geet d’Warscheinlechkeet awer erëm zréck an et kënnt erëm zu engem Sonn-Wollekemix bei engem Temperaturmaximum vun tëscht 20 a 24 Grad.

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg, et kommen awer e puer Wolleken am Laf vum Dag dobäi. Mëttes an am Nomëtte sinn dës och mol méi déck, reene sollt et dobäi awer trotzdem net. An de fréie Moiesstonne fänke mir bei 8 bis 12 Grad un a packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 21 a 25 Grad.

E Sonnde sinn d’Chancen fir e bësse Reen dëse Weekend am héchsten. Bis an de Virmëtten era kann et nach méi oft zu Schauere kommen, ier d’Aktivitéit fir de Rescht vum Dag awer erëm lues a lues ofhëllt. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 19 a 24 Grad.

Aktuelle Modellrechnunge no stinn d’Chancen op weidere Reen an der neier Woch guer net mol esou schlecht, en Donnerwieder kann awer och mol mat dobäi sinn.