Bléck op d’nächst Woch: Ufanks Héichdrockafloss, dann Westwiederlag

Direkt hannert der Kalfront, déi e Sonnden iwwert eis ewechzitt, kritt sech erëm Héichdrockafloss duerchgesat – dat allerdéngs net fir all ze laang.

Advertisement

Keng bestänneg Wiederlag a Siicht

Haut um Freiden zitt zwar eng Kalfront iwwert eis ewech, mee wéi gesot kënnt doduerch net all ze vill Reen bei eis erof. Muer um Samsde setzt sech liichten Héichdrockafloss duerch, ier e Sonnden déi nächst Kalfront duerchzitt – dës soll dann däitlech méi Reen brénge wéi déi vun haut.

Aktuelle Berechnunge no starte mir déi nei Woch weiderhi mat liichtem Héichdrockafloss. Fir e Méinde streiden d’Modeller nach driwwer, ob et komplett dréche bleift, oder ob mir et mat engem dréiwen Himmel mat Fisemreen ze di kréien – wat eben typesch ass fir dës Grousswiederlag.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag fir d’nächst Woch | Animatioun: wxcharts.com

Fir en Dënschde si se sech de Moment awer driwwer eenz, dass et tendenziell net sollt reenen. Spéitstens e Mëttwochowend soll eis dann déi nächst Kalfront ustoen, déi eis iwwer Nuecht flächendeckende Reen kéint bréngen. Dës Kalfront wier dann souzesoen den “Ice Breaker”, well d’Modeller hannendru weider Duerchgäng vu Kalfronte gesinn. Mir geroden tendenziell erëm méi ënnert eng Westwiederlag.

Duerch dës Westwiederlag gi mol méi mëll a mol méi kill Loftmassen ugezapt, dohier ginn och deels e puer Flacke berechent. Mee ech denken, dass mir eis dat an de nächsten Deeg nach méi genee wäerten ukucken.