Total Mounddäischtert: Bluttmound den 21. Januar 2019

Dëse Mount kréie mir et mol rem engkéier mat enger totaler Mounddäischtert ze dinn. Aneschters wéi bei der leschter Däischtert de 27. Juli 2018, handelt et sech deskéier net ëmt e Joerhonnert-Event.

Allgemengen Oflaaf

Den 21. Januar 2019 geréit de Mound an de Kärschied vun der Ärd, soudass keen direkt Sonneliicht méi um Mound ukënnt. Zustaane kënnt eng total Mounddäischtert, déi um fréie Moien ze gesinn ass.

Moies géint 03:36 Auer wärt de Mound eng éichte Kéier an den Hallefschied vun der Ärd wanderen, ier e géint 04:34 Auer no a no am Kärschied ukënnt. De Maximum vun der Verdonkelung gëtt ëm 06:12 Auer erwaart, den Austrëtt aus dem Schied wärt géint 06:43 Auer antreffen. Ganz eriwwer ass de Spektakel um 07:51 Auer.

De Nodeel ass, dass dës total Däischtert an de fréie Moiesstonnen ass. Besonnëg déi Leit, déi um Moie fréi erausmusse, kréien d’Chance d’Däischtert ze gesinn. All déi aner musse sech iergendwéi organiséieren.

Grafësch Duerstellung (calsky.com)

Fräi Siicht a Richtung Nordwesten

Vir all déi, déi d’Event observéiere wëllen, sollte sech eng Plaatz sichen, déi eng fräi Siicht a Richtung Nordweste bidd. Dobäi sollt ee sech am beschte wäit genuch vun Dierfer ewech installéiere, vir dass d’Observatioun net duerch Liichtverschmotzung beanträchtëgt gëtt.

Wéi Dir virdrunner gelies hutt, wärt de Mound géint 04:24 no a no an de Kärschied wanderen. Ab dësem Moment gesäit een, wéi d’Sonneliicht ëmmer méi vum Mound verschwënnt, bis just nach eng Sichel siichtbar ass. Am nächste Moment verschwënnt och dës, e spektakulären Ubléck! Och wa keen direkt Sonneliicht méi um Mound ukënnt, wärt e net ganz däischter ginn, mee roudelzech. Dëst gëtt och gäre Bluttmound genannt. Wann d’Sonneliicht op d’Ärdatmosphär trëfft, gëtt dëst gebrach. Duerch de flaache Wénkel, an deem d’Liicht op d’Atmosphär schéngt, komme just nach déi rout Téin am Ärdschied un. Dës Téin sinn dann déi, déi och de Mound liicht roudelzech ausgesi lossen.

Wéi gëtt d’Wieder?

Wann een op déi aktuell Modellrechunge kuckt, da sollt der Observatioun vun der Mounddäischtert net all ze vill am Wee stoen. An der zweeter Halschend vun der Nuecht op de Méinden ass meechtens mat engem kloeren Himmel ze rechnen, soudass d’Vue op de Mound fräi ass. Bleift awer och nach ze erwähnen, dass et trotzdem plaatzeweis zu Niwwel resp. Héichniwwel komme kann. Eng déck Jacket sollt een och net vergiessen: d’Temperature faalen op -5 bis -10 Grad. Kënnt et zu enger Inversiounslag, da kéint et souguer nach méi kaal ginn.

Waat ass eigentlech eng Mounddäischtert?

Zu enger Mounddäischtert kënnt et wa Sonn, Ärd a Mound (bei Vollmound) an enger Linn zuenee stinn. Dobäi gehäit d’Ärd hiere Schied op de Mound, soudass dëse net méi ganz siichtbar ass. Am Fall vun enger totaler Mounddäischtert kënnt kee Sonneliicht méi um Mound un.

Wéieng Zorte ginn et?

Total Mounddäischtert: De Mound trëtt komplett an de Kärschied vun der Ärd an erfaasst déi gesamt soss siichtbar Fläch vum Mound.
Partiell Mounddäischtert: Gëtt de Mound nëmmen en Deel vum Kärschied vun der Ärd bedeckt, schwätzt een vun enger partieller Mounddäischtert.
Hallefschied-Mounddäischtert: An dësem Fall trëtt de Mound entweder ganz oder nëmmen hallef an den Hallefschied vun der Ärd an.