“Bluttreen” duerch Saharastëbs – mee wat ass dat?

Wéi nët seelen zu dëser Joereszäit kënnt ët zu méi oder manner grousse Konzentratiounen u Saharastëbs an der Loft iwwer Lëtzebuerg. Wann dann och nach Nidderschléi eroofkommen, kënnt ët zu engem weidere Phänomen, deen awer méi dramatësch kléngt wéi en eigentlëch ass.


“Bluttreen” – wat ass dat?

Zumols haut um Freiden, 14. Juni 2019, geréit duerch déi momentan Konstallatioun vun der Grousswiederlag eng kleng Konzentratioun u Saharastëbs an eis Géigenden. Erkennen deet een daat, zumols bei gréissere Konzentratiounen, zum Beispill un den Daachzillen, Autosdiecher oder och anere Géigestänn, déi dobausse stinn. E geréngen Undeel vum Saharastëbs setzt sech nämlech um Buedem fest a gëtt réicht beim nächste Reen ewechgespullt. Bei klenge Konzentratioune, wéi et momentan méi de Fall ass, ass den Himmel am Fall vu nëmme wéinege Wollécken liicht dréif resp. huet eng liicht wäisselzech Faarf.

Wéi kënnt ët dann schlussendlëch zum “Bluttreen”? Wa sëch Schaueren entwécklen, geroden och d’Stëbspartiklen- oder Kären an den Entstéiungsmechanismus. Sou kënnt de Stëbs dann mam Reen eroofgefall a verfierwt sëch ë bëssen orangelzech/roudelzech. Am beschte gesäit een ët, wann d’Drëpps op de Buedem trëfft. De Numm ass also méi spektakulär wéi daat, waat ët a Wierklechkeet ass.

Et ass also eigentlech ganz normale Reen, just dass sech, je no Komzentratioun, eng Verfierwung erkenne léisst a sech Partiklen u Géigestänn festsetzen/ofsetzen.

Stëbskonzentratioun an der Loft um Freiden, 14.06.2019 géint 20h (berechent, forecast.uoa.gr)