“Bluttreen” méiglech: Markant Konzentratioun u Saharastëbs e Samsden

De Saharastëbs war dës Woch schonn mol en Thema, mee e Samsden erwaart eis déi éischt Kéier fir dëst Joer eng gréisser Konzentratioun dovun. Den Auto haut ze wäschen ass also net ganz ideal.

Titelbild: Marijan Murat

Advertisement

Reegelméisseg, mee awer nennenswäert

Dass Saharastëbs de Wee op Lëtzebuerg fënnt, kënnt reegelméisseg vir. Dofir brauch een einfach déi richteg Wiederlag aus engem Déifdrockgebitt, wat beschtefalls iwwert de südwestlechen Deeler vun Europa läit. Dëst schëppt dann, wann ëstlech dovun en Héich gënschteg positionéiert läit, waarm Loftmassen an eis Géigenden. Mat dëse kann dann eben och de Saharastëbs heihi kommen.


D’Konzentratioun u Saharastëbs an der Loft esouwéi och um Buedem fir e Samsden | Grafik: forecast.uoa.gr / SKIRON

Bis ewell hate mir et an dësem Joer schonn e puer mol mat gerénge Konzentratiounen dovun ze dinn, mee déi fir muer gëtt eng méi markant. Berechent ginn eppes iwwer 3200 mgr/m² – dat geet duer, fir dass den Himmel, trotz klore bis liicht wollekege Prognosen, en Tick méi dréif ass. Besonnesch gutt um Buedem siichtbar gëtt et, wann et reent: De Stëbs gëtt nämlech vun de Reendrëppsen opgefaangen a wann dës op de Buedem treffen, setzt sech de Stëbs, deen dran enthalen ass, un all méiglechem Géigestand of. Virun allem un Autoen wier dat dann gutt siichtbar. Dëse Phänomeen gëtt medial och nach gär “Bluttreen” genannt. Esou kann et dann och bei eis op Buedemhéicht zu Konzentratioune vun tëscht 25 a 50 μg/m³ kommen.

E méi schéinen Effekt, deen de Stëbs mat sech bréngt, si faarfintensiv Sonnenop- an Ënnergäng.