“Bluttreen” ze erwaarden: Weider Ronn Saharastëbs kënnegt sech un

Duerch déi kräfteg südlech Héichtestréimung gëtt vun der Nuecht un eng erhéicht Konzentratioun u Saharastëbs op Lëtzebuerg gelenkt. Sougenannte “Bluttreen” bréngt däitlech siichtbar Réckstänn.

Advertisement

Mol erëm eng Kéier Saharastëbs…

… an dat ass op déi südlech Héichtestréimung zréckzeféieren, déi eis momentan nach vun engem Déifdrockgebitt virun der Westküst vun der iberescher Hallefinsel ze verdanken ass. Als weideren Undriff dréngt och nach eist aktuellt Héich, wat sech an Tëschenzäit mat sengem Kär a Richtung Osteuropa verlagert huet. Nach bis e Samschden bleift dës Konstellatioun erhalen, wat dozou féiert, dass de Saharastëbs säi Wee op direktem Wee op Lëtzebuerg fënnt.


Hei gesi mir, wéi de Stëbs säi Wee aus Afrika bis an eis Géigende fënnt | Grafik: University of Athens

Déi héchst Konzentratioun ass fir haut ugesot, d’Modeller deite bis knapp ënner 1300 mgr/m² un. Muer um Samschde sinn et der am Ufank nach ëm 550, ier se an der Nuecht op e Sonnden op quasi null soll zréckgoen. Zesummen duerch d’Nidderschléi, déi fir muer ugesot sinn, ka sech de Stëbs nach besser bei eis um Buedem bemierkbar maachen: E gëtt ënnert de Reen gemëscht a setzt sech doduerch bei eis um Buedem un alle méigleche Géigestänn of, haaptsächlech un Autoen. Dëst gëtt medial och nach gär “Bluttreen” genannt. Waart also nach, iert Dir an d’Waschanlag fuert.