Bléck op de Weekend: Waarem, mee zäitweis stiermesch

Iwwert de Weekend kréie mir et mat méi onbestännëgem Wieder ze dinn. Oft ass et gro a naass, zäitweis kënnt och nach e frësche bis deels stiermesche Wand dobäi.

Lëftëge bis zäitweis stiermesche Wand méigleg

De Weekend geroode mir rem ënner Déifdrockafloss. Déi eenzel sonneg Momenter, déi mir z.B de Mëttwoch haten, ginn dann definitiv méi rar. Duerch e Stuermdéif, wat mat séngem Kär iwwert dem Norde vun de britëschen Inselen läit, kann et zumols an der Nuecht op de Samsden eng éichte Kéier méi lëftëg bei eis ginn. Méi markant soll et de momentane Modellrechnungen de Sonndë virgoen, wou eis e Schnellleefer mat séngem Stuermfeld erwësche kéint. Tëschent de Modeller ginn et awer nach vill Onsëcherheete, soudass un dësen Aussiichten nach dat engt oder anert ännere kann. Déi folgend Zeile representéieren dat, waat de Moment am wahrscheinlechsten ass.

Freiden, 08. Februar 2019

De Freidemoien ass et meechtens bedeckt, dobäi kann et zu liichte Nidderschléi kommen. D’Temperature leien tëschen 3 a 6 Grad. Am Virmëtte bleiwen d’Temperaturen an dësem Beräich, ëmmer méi déck Wollécken zéien op Lëtzebuerg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 4 bis 8 Grad ereecht, de Wand bléist méissëg aus Südwesten. An de Spëtzte si 55 km/h ze erwaarden. Et bleift gro an et kann ëmmer rem zu schwaache Reeschauere kommen. Um Owend an an der Nuecht gëtt de Wand méi staark, zumols spéiderhi kënnen op exponéierte Plaatze Werter vu 60 bis lok. 80 km/h ereecht ginn. D’Temperature leien tësche 5 an 8 Grad an et reent.

Wandentwécklung vum Freide bis de Sonndënowend laut ARPEGE (wxcharts.eu)

Samsden, 09. Februar 2019

De Samsdemoien ass et liicht wolléckeg bis bedeckt, vereenzelt kënne Schaueren eroofkommen. D’Temperature leien tësche 4 a 7 Grad. Am Virmëtte bleiwen d’Werter an dësem Beräich, et gëtt méi bedeckt an och méi naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 9 Grad ereecht, de Wand bléist méissëg bis staark aus West-Südwesten. An de Spëtzte gi 60 km/h gemooss. Trotz ville Wollécke sollt et awer nach wäitgoend drëche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht gëtt et net méi kaal, d’Temperature leie weiderhin tësche 5 a 9 Grad. Duerch e Schnellleefer muss nachemol mat stiermësche Wandstéiss gerechent ginn. Zumols an der zweeter Nuetshalschend kënnen des Spëtzte vun ëm 85 km/h ereechen.

Sonndën, 10. Februar 2019

De Sonndëmoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tësche 5 a 9 Grad. Mat Spëtzte vun ëm 80 km/h kann et nach stiermësch sinn. Am Virmëtte ännert sech dorunner net vill, et reent. Mëttes an am Nomëtte leien d’Werter tësche 4 an 8 Grad, de Wand ereecht Spëtzte vu 70 km/h aus Südwesten. Et ass meechtens bedeckt an et reent. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen e Stéck eroof a pendle sech tësche 4 an 1 Grad an. Am Norde kann et lokal also zu Schnéireen oder souguer eenzelne Flacke kommen.