Bléck op de Weekend: Lokal bis 26 Grad, duerno méi gro

Den 41ste Weekend vum Joer steet un, de Moment ass et aussergewéinlech waarem vir de Mount Oktober. Bleift dëst de Weekend sou oder hu mir en Ëmschwong ze erwaarden?

Ëmmer nach iwwer 20 Grad

De Weekend bleiwe mir gréisstendeels ënner Héichdrockafloss, soudass kee nennenswerte Reen a vill sonnëg Momenter ze erwaarde sinn. Just um Sonndë gëtt et mat Zäite méi gro.

De Freidemoien ass et meechtens kloer bis liicht wolléckeg, lokal ass et awer nach duerch Niwwel oder Héichniwwel méi gro. D’Temperature leien zwëschen 10 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op 16 bis 20 Grad erop. De Niwwel léist sech lues a lues op. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 21 bis 25 Grad ereecht, de Wand bléist schwaach aus südleche Richtungen. An de Spëtzte sinn héchstens 25 km/h ze erwaarden. Et zéien e puer harmlos Wollécken duerch. Um Owend an an der Nuecht klärt et op de meechte Plaatzen op, d’Temperature faalen op e Minimum vu 14 bis 7 Grad.

Samsden, 13. Oktober 2018

De Samsdemoien ass den Himmel kloer, just lokal si Niwwelfelder ënnerwee. D’Temperature leien zwëschen 8 an 13 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 16 bis 20 Grad erop an de Niwwel léist sech op. Et ass déi meecht Zäit sonnëg bei wéinëge Wollécken. Daat selwecht gëllt vir de Mëtten a Nomëtten, d’Temperaturen ereeche Maximalwerter vun 22 bis 26 Grad, de Wand bléist nëmme schwaach aus Südosten. An de Spëtzte gi 25 km/h ereecht. Um Owend an an der Nuecht zéien e puer eenzel Wollécken an d’Land eran, reene sollt et awer net. D’Temperature ginn op e Minimum vu 14 bis 8 Grad zréck.

Sonndën, 14. Oktober 2018

De Sonndëmoien ass et liicht wolléckeg, d’Temperature leien tësche 9 a 14 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 15 bis 18 Grad erop an d’Sonn kënnt mol nach vir e Moment luussen. Mëttes an am Nomëtte gi nach 16 bis 20 Grad ereecht, dobäi ass et awer bedeckt. Et muss mat vereenzelte Schauere gerechent ginn, daat bei engem schwaache Wand aus südwestleche Richtungen. Et gi 25 km/h an de Spëtzten ereecht. Um Owend an an der Nuecht bleift et gro a weider Schauere kënnen eroofkommen. D’Temperature faalen op 12 bis 8 Grad zréck.