Bléck op de Weekend: Minimal Wahrscheinlechkeet vu Schnéiflacken

An de leschten Deeg hunn ech Iech op e minimale Risk vu Schnéiflacken de Weekend higewisen. Ass dëst nach ëmmer sou? A bleift et sou gro, wéi et de Moment ass? Dëst a méi fannt Dir an dësem Artikel!

Abroch vu kaale Loftmassen

D’Temperature sinn an de leschten Deeg scho spierbar zréckgaangen, dobäi ass et bei ville Wollécken an engem frësche Wand richtëg hierschtlëch ginn. Zur Erënnerung: Virun zwou Wochen haate mir nach spéitsummerlech Temperature vu bis zu 27,9 Grad!

An de nächsten Deeg wärt et nach eng Nummer méi kill ginn. Aus nördleche bis nordwestleche Richtungen ereechen eis polar Loftmassen, déi d’Temperaturen an den eestellëge Beräich eroofgoe lossen. Dëst nuets- souwéi och dagsiwwer. Vum Wieder hier musse mir eis am grousse Ganzen op vill Wollécken astellen, tëschenduerch kënnt et och zu schwaache Nidderschléi.

D’Schnéifallgrenz wärt an der Nuecht op de Méinden op +/- 500 Meter faalen. Sollt et zu dësem Zäitpunkt zu Nidderschléi kommen, da kéint sech och mol déi eng oder aner Schnéiflack ënnert de Reen mëschen. Dëst ass kee Wanterabroch, bis dohinner musse mir eis nach eng gutt Zäit gedëllëgen. Op den allermeechte Plaatze wärt souwisou “nemme” Reen eroofkommen.

ICON 850 hPa Temperatur um Weekend (wxcharts.eu)

Freiden, 26. Oktober 2018

De Freidemoien ass et meechtens gro duerch Niwwel, d’Temperature leien zwësche 5 an 8 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 7 bis 9 Grad erop, et bleift gro. Fisemreen kann optrieden. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 8 bis 12 Grad ze rechnen, eng Jackett ass also méi wéi ubruecht. D’Wieder ännert sech net, et bleift bedeckt an et kann zu schwaache Nidderschléi kommen. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West-Südwesten a packt et an de Spëtzten op 40 km/h. Um Owend bleift et nach wolléckeg, ier et an der zweeter Nuetshalschend méi kloer gëtt. Niwwel wärt sech awer wuel och rem forméieren. D’Temperature faalen op 5 bis 2 Grad.

Samsden, 27. Oktober 2018

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, plaatzeweis muss rem mat Niwwelfelder gerechent ginn. D’Temperature leien zwësche 0 a 4 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 4 bis 6 Grad erop an de Niwwel sollt sech lues a lues opléisen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 6 bis 9 Grad ze rechnen, tëschent de Wollécke ka sech d’Sonn och mol weise kommen. De Wand bléist schwaach aus Nordwesten an ereecht 25 km/h an de Spëtzten. Um Owend an an der Nuecht gëtt et rëm ëmmer méi gro, d’Temperature faalen op 5 bis 2 Grad.

Sonndën, 28. Oktober 2018

De Sonndëmoien ass et wolléckeg, d’Temperature leien zwëschen 2 a 5 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 3 bis 7 Grad erop an et bleift wolléckeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 4 bis 8 Grad erwaart, de Wand bléist spierbar aus Nordosten. An de Spëtzte packt en et op 55 km/h. Et ass mat e puer Reeschaueren ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 5 bis 3 Grad zréck. Et ka nach zu schwaache Nidderschléi kommen, déi am Norde lokal als Schnéireen eroofkomme kéinten.