Bléck op de Weekend: Ëmmer nach vill Sonn, mee méi kill

Wéi et ze erwaarde war, ännert sech d’Wiederbild vir de Weekend net vill. Mir sti weiderhin ënner Héichdrock, deen eis schéi sonnëgt a virun allem mëllt Wieder bréngt.

Niwwelfelder, spéiderhi Sonn

Waat de Weekend ugeet ass also mat weiderhi schéinem Wieder ze rechnen, de Reen soll och keng gréisser Roll spillen. An de folgenden Zeile gëtt de Verlaaf vir déi nächst Deeg méi détailléiert beschriwwen.

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, et muss rem mat Niwwelfelder gerechent ginn. D’Temperature leien zwësche 6 an 10 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 12 bis 15 Grad erop an de Niwwel brauch méiglegerweis nach e bësse bis e sech opléist. Op anere Plaatze kritt d’Sonn sech awer scho besser duerchgesaat. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 16 bis 21 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach aus Ost-Nordosten. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 3 Grad zréck, et klärt op. Virun allem an den Däller ass rem Niwwel ze erwaarden.

Samsden, 20. Oktober 2018

De Samsdemoien ass den Himmel kloer, Niwwel ass rem dobäi. D’Temperature leien zwësche 4 a 9 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 11 bis 14 Grad erop an de Niwwel misst sech lues awer sëcher opléisen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 15 bis 20 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach aus Nordosten. An de Spëtzte gi 25 km/h ereecht. Bei vill Sonn an e puer harmlose Wollécken ass kee Reen ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 5 bis 3 Grad zréck, an den Däller si bis zu -1 Grad méigleg. Buedemfrascht a lokal glaat Stroosse sinn also net auszeschléissen.

Sonndën, 21. Oktober 2018

De Sonndëmoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien zwësche 7 an 10 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 10 bis 13 Grad erop a wa Niwwel entstaanen ass, léist dëse sech lues a lues op. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 17 bis 21 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach aus Nordosten. An de Spëtzte ginn 20 km/h ereecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d?Temperaturen op 5 bis 1 Grad zréck an et gëtt a Richtung fréie Méindemoie méi gro.