Bléck op de Weekend: Vill ze waarem vir d’Joereszäit

Den zweetleschte Weekend vum Joer steet virun der Dier a soumadden och d’Zäit vun de Chrëschtdeeg. Waat d’Chance vir e bësse Schnéi uginn bleiwen d’Modeller weiderhi pessimistësch.

Grousswiederlag mecht et dem Wanter schwéier

Iwwert de Weekend bleiwe mir ënnert enger Weststréimung, soudass d’Zoufuer vu méi mëlle Loftmasse vum Atlantik hier weiderhin nach eng Zäitchen unhaale wärt. Sou gëtt et dem Wanter an de nächsten Deeg zimmlech schwéier gemaach. Duerch dës Konstallatioun muss demnächst och mat méi staarkem Wand a méi Nidderschléi gerechent ginn.

De Freidemoien ass et bedeckt an et reent, daat och mol méi staark. D’Temperature leien zwësche 7 an 10 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter net méi wäit an et reent virun, de Wand gëtt ëmmer méi staark. Ab kuerz viru Mëtte kënne stiermësch Wandstéiss vu 60 bis lokal 80 km/h optrieden. Bis an de Nomëtten era kann daat weiderhi virkommen, d’Temperature packen et op e Maximum vun 8 bis 12 Grad. Et ass ëmmer nach mat Reen ze rechnen, ier et ab dem spéidere Nomëtte vir eng Zäitche manner naass gëtt. Um Owend an an der Nuecht ereecht eis neie Reen aus Westen, den amerikanësche Wiedermodell rechent nachengkéier mat engem Peak vun de Wandspëtzten. D’Temperature ginn op 11 bis 7 Grad zréck.

Samsden, 22. Dezember 2018

De Samsdemoien ass et bedeckt, et kann zu eenzelne Schauere kommen. D’Temperature leien tësche 7 an 11 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter net méi wäit, se bleiwen am selwechte Beräich. Mëttes an am Nomëtte ginn d’Werter souguer knapp zréck, 7 bis 10 Grad sollen et sinn. Et bleift bedeckt, reene sollt et awer just lokal an zäitweis. De Wand bléist frësch bis staark aus Südwesten a ka Spëtzte vun ëm 60 km/h ereechen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 5 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi bedeckt mee et bleift drëchen.

Sonndën, 23. Dezember 2018

De Sonndëmoien ass et bedeckt, dobäi sollt et awer nach drëche bleiwen. D’Temperature leien tësche 5 a 9 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 6 bis 10 Grad erop, liichte Reen zitt an d’Land. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 8 bis 12 Grad ereecht, de Wand bléist spierbar aus Westen. An de Spëtzte gi 40 km/h ereecht. Mir hunn et mat engem staark bedeckten Himmel an Reen ze dinn, deen zäitweis méi zolitt ausfaale kann. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tësche 5 an 10 Grad an.