“Bombogenese” iwwert dem Atlantik: Stuerm och bei eis?

Iwwert dem Atlantik entwéckelt sech an dëse Minutten en zolitt Orkandéif, wat ee sou net sou oft ze gesi kritt.

Wat ass eng “Bombogenese”?

Eng Bombogenese (däitsch) oder Bombogenesis (englesch) beschreift e Stuermdéif, wat sech an Zäit vu 24 Stonnen immens séier verstäerkt. De Loftdrock muss dobäi an Zäit vu 24 Stonnen op mannst ëm 24 hPa oder méi falen. Am Fall vum VICTORIA sinn et awer souguer ëm 65 hPa. Um Samsdenowend ass domat ze rechnen, dass am Kär vum Déif kuerzzäiteg e Loftdrock vu nëmme nach 918 hPa areecht gëtt – e Wäert, deen ee soss just bei Tropestierm wéi z.B engem Hurrikan méi oft gesäit.

Schon ier d’VICTORIA an d’Spill komm ass, stoung de Nordatlantik ënnert der Dominanz vun engem gréissere Stuermdéif mam Numm UTE. Dëst huet de Freidenowend iwwert dem Mier, mee och an Island fir zolitte Wand gesuergt. Mat dobäi ware Blizzard-änlech Konditiounen duerch staarke Schnéifall. D’UTE ass an de Stonnen drop no Westen ofgedrift.

D’Satellitebild vum 15. Februar 2020 13UTC

VICTORIA kënnt an d’Spill

Ongeféier zum selwechten Zäitpunkt koum d’Victoria an d’Spill, wat säin Uersprong zimmlech wäit am Westen, onwäit vu Kanada, huet. De Stuerm gouf op séngem Wee a Richtung Oste vum gréissere Stuermdéif, also dem UTE, “opgefong” an huet sech an Tëschenzäit bal ee mol ganz ronderëmt de Kär vun dësem Stuerm gedréint. Well déi zwee Käre sech zimmlech no koume, gouf d’Rotatiounsvitesse erhéicht. Dat ass mat engem Äisleefer ze vergläichen, deen eng Pirouette dréint. De Stuerm verdéift sech, wouduerch et kuerzzäiteg zu dem genannten extrem déiwe Loftdrock vun 918 hPa komme kann. D’VICTORIA huet ëmmer méi u Relevanz gewonn resp. wäert dëst nach am Laf vum Samsden. D’UTE hëlt ëmmer méi d’Roll vun engem Randdéif vum VICTORIA an a suergt quasi dofir, dass sech d’Stuermfeld weider a Richtung Südosten ausbreede kann.

Mir hunn et also net méi mat zwee Stierm ze dinn, mee méi genee gesot mat engem ganze Stuermsystem.

D’Entwécklung bis de Méinde vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Auswierkungen

D’VICTORIA suergt an de nächste Stonnen iwwert groussen Deeler vum Nordatlantik fir Stuerm resp. Orkan. Iwwert dem oppene Mier ass mat Wandvitesse vun tëscht 150 an 200 km/h ze rechne, punktuell och mol e bësse méi. Iwwerdeems kënne Wellenhéichte vun tëscht 15 an 30 Meter optrieden.

De Moment stiermt et scho gutt iwwert de briteschen Inselen – an dat wäert an de nächste 24 Stonnen och esou viru goen. An der Nuecht op de Sonnde wäerten d’Küste vu Frankräich, Belsch, Holland an Däitschland zouhuelend vu Stuermstéiss betraff sinn. Et gi Wandvitesse vun tëscht 100 an 130 km/h areecht.

Mee wéi gesäit et fir Lëtzebuerg aus? Vum fréie Sonndemëtten un gëtt et och bei eis méi stiermesch, et sinn allerdéngs keng sou eng héich Wäerter ze erwaarden. Vum Mëtten un bis an déi éischt Halschend vun der Nuecht op de Méinden ass mat Wandstéiss vun tëscht 60 an 80 km/h ze rechnen, op exponéierte Plazen an a Schauergéigend kéint et punktuell mol op 90 km/h eropgoen. Et ass also net mam SABINE vum leschte Weekend ze vergläichen, dee beispillsweis un der ASTA- Statioun zu Reiler fir en orkanartege Wandstouss vun 111 km/h gesuergt huet.

Nieft dem Wand geréit awer och eppes anescht an de Fokus: d’Temperaturen. Duerch déi markant Südweststréimung gi waarm Loftmassen aus dem Süde vun Europa ugezaapt, wouduerch d’Temperature muer um Sonnde lokal bis zu 18 Grad areeche kënnen. Am Süde vun Däitschland ass deelweis mat ëm 20 Grad oder knapp driwwer ze rechnen.