Bränn a Portugal: Reen a Siicht, mee am Ufank mol nach zréckhalend

De Katastropheschutz schwätzt vu 90 aktive Virfäll vu Bränn a méi klenge Feieren a Portugal, haaptsächlech an der nërdlecher Hallschent. Ustoende Reen bréngt elo e bëssen Hoffnung.

Advertisement

Am ganze 90 aktiv Fäll

Wéi aktuell Medien mellen, ginn et a Portugal de Moment 90 aktiv Fäll vu Bränn oder méi klenge Feieren. 17 Bränn wiere nach aktiv, 60 Feieren géifen hiren Endstadium erreechen. D’Fäll beschränke sech haaptsächlech op de Norde vu Portugal, déi meescht Ressourcen ginn aktuell fir de Bezierk Aveiro gebraucht. D’Bränn zu Oliveira de Azeméis an Albergaria-a-Velha wieren an Tëschenzäit ënner Kontroll, esou d’Medien. Zu Pessegueiro do Vouga sinn ëmmer nach 500 Pompjeeën am Asaz.

De Brand zu Castro Daire erfuerdert weiderhin 426 Pompjeeën. Dëse weist sech weiderhi mat grousser Intensitéit a wier immens wäit ausgedeent, dowéinst missten d’Ressourcen fir d’Feier ze bekämpfen och weider verluecht ginn – dat mellt d’Protection Civile de Medien.

Nennenswäert ass och d’Feier zu Arouca, wou méi wéi 230 Pompjeeën am Asaz sinn. En Dënschdenowend ass dëst Feier ugaangen an huet an Tëschenzäit zwee Kilometer vun de Paiva-Wanderweeër zerstéiert, esou d’Gemeng zu de Medien. D’Schoule bleiwen haut zou.

D’Zuel vun den Doudesaffer läit aktuell bei siwen.

Reen bréngt Hoffnung

Zwar ginn d’Temperaturen an de nächsten Deeg zréck, mee dat alleng huet generell näischt domat ze dinn, wéi héich de Risk vun engem Brand ass. Dëst gëtt gär mol fälschlecherweis esou behaapt, mee a Wierklechkeet huet et vill méi mat der Loftfiichtegkeet ze dinn esouwéi och domat, wéi dréchen d’Biedem an de betraffene Géigende sinn. Mat dobäi kënnt, dass déi meescht Bränn keng natierlech Uersaach hunn, mee entweder ausversinn oder gewollt geluecht goufen. Déi virdru genannt meteorologesch Konditiounen droe just dozou bäi, wéi liicht d’Natur entflambar ass. Ass et immens dréchen an et bléist och nach e kräftege Wand, da kann dat dofir suergen, dass sech e Brand nawell séier kann ausbreeden. D’Temperatur alleng huet awer, wéi gesot, op alle Fall näischt domat ze dinn.

E Bléck an déi aktuell Wiedermodeller weist, dass schonn haut mat Chance eenzel Schaueren iwwert de vu Bränn betraffene Géigende kënnen optrieden. Iwwer Nuecht soll sech dës Warscheinlechkeet fortsetzen an och nach bis an de Samschdenomëtten eran unhalen. Vun de Reequantitéiten hier kënnen tëscht 5 an 20 l/m² Reen zesummekommen, wat elo tatsächlech net d’Welt ass.


Déi viraussiichtlech Reenzommen bis en Donneschden inclus | Grafik: wxcharts.com

Duerch e generellen Ëmschwong op méi onbestännegt Wieder iwwer groussen Deeler vun Europa kënne mat Chance vum Mëttwoch un méi groussflächeg an och kräfteg Nidderschléi iwwert der Nordhallschent vu Portugal erofkommen. Dem amerikanesche Modell no kënnen tëscht 20 a 50 l/m² optrieden, den europäesche Modell ass e bëssen iwweräifreg ënnerwee a simuléiert bis en Donneschden inclus méi wéi 150 l/m² – dat däerf een awer nach a Fro stellen. Géifen déi sech awer duerchsetzen, da kéime mir vum Feier erëm eriwwer bei d’Iwwerschwemmungsgefor.