Bränn un der US-Westküst: Damp-Partikele sinn iwwert eise Käpp ukomm

Un der Westküst vun den USA, am Bundesstaat Kalifornien, kënnt et de Moment zu enorme Bësch- a Flächebränn. Den Damp verdeelt sech ongehënnert an eiser Atmosphär, an Tëschenzäit mécht sech dat ganzt scho bei eis bemierkbar. Titelbild: Noah Berger / dpa

Un der Westküst vun den USA spille sech de Moment ongeheierlech Szeenen of. Duerch sëlleg Bësch- a Flächebränn goufe bis ewell 12.500 km² Land zerstéiert, wouduerch ongeféier eng hallef Millioun Awunner hu missen hiert Doheem verloossen. Op mannst 26 Doudesaffer goufe bis ewell gezielt.

D’Bränn hu net nëmmen en Afloss op de Weste vun den USA, mee och op gréisser Deeler vum Rescht vun der Welt. Haaptsächlech gëtt den Damp, resp. ginn d’Damp-Partikelen duerch en Héichdrockgebitt iwwert dem Weste vum nordamerikanesche Kontinent och iwwert dem Weste gehalen, e groussen Deel gëtt awer och duerch en Déifdrockgebitt iwwert dem Ostpazifik opgewirbelt. E bëssen eppes vun dësem Damp an och den Damp-Partikelen entwëscht a Richtung Osten a gëtt vun engem Déifdrockgebitt opgefong an duerno duerch den Jetstream a Richtung europäesche Kontinent gelenkt.


Wéi den Damp a Richtung Europa gelenkt gëtt. Kaart: noaa.gov | Edit: Météo Boulaide

Afloss op eist Wieder heiheem

Den Damp, oder op mannst d’Partikele maache sech bei eis un engem liicht wäisselzeche Schleier um Himmel bemierkbar. Et gesäit aus wéi Donscht, deen den Himmel iwwerzitt. Haaptsächlech wann d’Sonn op- oder ënnergeet, fält engem dat ganzt am beschten op. D’Sonnenop- an Ënnergang weise sech mat vill méi intensive Faarwen – wat bei Stëbs an an dësem Fall Damp typesch ass. Duerch de flaachen Afalwénkel vun der Sonn zu dësen Auerzäiten dréngen haaptsächlech déi rout Faarftéin an eis Atmosphär an. Duerch de Stëbs/Damp a grousser Héicht gëtt dësen Effekt weider verstäerkt, ebe well et en zousätzleche Filter ass. Änlech Beobachtunge kann e beispillsweis maache, wa bei enger gënschteger Grousswiederlag an der dobäi resultéierender Stréimung Stëbs aus der Sahara an eis Géigende kënnt.

Et kléngt scho liicht onvirstellbar, dass Damp an och d’Partikelen dovun eng sou wäit Streck zréckleeë kann. Et ass zimmlech rar, mee ebe net onméiglech. Dëst ass ee perfekt Beispill dofir, wéi d’Wieder op der ganzer Welt mateneen zesummenhänkt.