Breaking: Hurrikan ETA kéint als Kategorie 5-Stuerm am Nicaragua u Land goen

Den Wirbelstuerm “ETA” war de Mëtte nach als Tropestuerm klassifizéiert. Elo, nëmme 15 Stonnen duerno, ass de Stuerm en Hurrikan vun der zweethéchster Kategorie.

Ënner Ëmstänn Intensivéierung op déi fënneft Kategorie méiglech

De System ronderëmt de Stuerm ETA sollt sech de rezente Berechnunge vum Méindemëtten no héchstens zu engem Hurrikan vun der niddrëger drëtter Kategorie entwécklen. An de leschte Stonnen huet de Stuerm awer eng rasant Intensivéierung ofgeschloss an ass an Tëschenzäit en Hurrikan vun der véierter Kategorie op der Saffir-Simspon Skala. An der Moyenne bléist e mat ëm 209 km/h, an de Spëtzte ginn 257 km/h areecht. De Stuerm soll um Dënschdemoie knapp nërdlech vu Puerto Cabezas u Land goen, dat mat Orkanstéiss vun ëm 250 km/h.


De weidere Parcours vum Hurrikan ETA | Grafik: nhc.noaa.gov

Nieft dem Wand si meterhéich Wellen un de Küsten ze erwaarden. Desweidere rechnen d’Modeller mat Reequantitéite vun tëscht 90 an 200 l/m², deemno wéi esouguer méi.

D’Zukunft vum ETA

De momentane Modellrechnunge no soll sech den ETA iwwer Nicaragua staark ofschächen an iwwer Honduras just nach eng tropesch Depressioun sinn. Iwwer Belize dréint de System op Ost-Nordost an zitt zréck op d’Karibescht Mier. Duerch déi héich Waasseruewerflächentemperature reaktivéiert sech de System erëm a soll erëm zu engem Tropestuerm ginn. An den Deeg drop, a Richtung nächst Woch, kéint en eng Gefor fir d’Dominikanesch Republic ginn.