
Den 30. Mee an de 29. Juni koum et zu Essen bei Miersch an och zu Biissen an der Industriezon zu Tornado-Verdachtsfäll. Duerch eis Recherche goufen dës elo duerch auslännesch Experten confirméiert.
Advertisement
30. Mee 2024: Tornado bei Miersch
Am spéide Nomëtte vum 30. Mee 2024 huet sech vu Miersch aus eng verdächteg Wollekestruktur gewisen, déi entweder op eng sougenannt “Scud Cloud” oder och Tornado higewisen huet. En Tornado war vu vir eran eng Optioun, well d’Radarbiller eng kloer a klengräimeg Rotatioun gewisen haten. Fir eng “Scud Cloud” huet d’Gebild och ze séier rotéiert. Mir hunn eis duerno op d’Plaz gemaach fir um Buedem Recherchen duerchzeféieren.

Well den deemools nach “potenziellen Tornado” éischter schwaach war, wousste mir direkt, dass et géif schwéier ginn, iwwerhaapt Spuren ze fannen. E puer Hiweiser hu mir dunn schlussendlech awer fonnt: Ofgebrachen Äscht, Spuren an der Wiss an och liichte Schued un enger Scheier. D’Material hu mir un Experten aus dem Ausland geschéckt, déi de Fall elo bal en halleft Joer duerno confirméiert hunn.
29. Juni 2024: Tornado an der Industriezon zu Biissen
Um Owend vum 29. Juni ass en zolidd Donnerwieder vu Frankräich hier an eist Land gezunn. Et huet sech ëmt e sougenannten MCS (Mesoscale Convective System) gehandelt, un den eng sougenannt Böenfront ugehaange war. Un dëser Böenfront koum et an engem breede Beräich zu zolitte Wandstéiss, déi virun allem am Raum Useldeng/Biekerech fir grousse Vegetatiounsschued gesuergt huet. Nach méi grouss war de Schued am Mierscher Park, wou vill Beem wéi Fixspéin ëmgefall sinn. Weidere markante Schued koum aus dem Osten bei Biwer, wou Experten och behaapten, dass et sech kéint ëmt en Tornado handelen – leider kann dësen duerch mangelhaft Recherche net confirméiert ginn.
Kuerz ier d’Böenfront zu Biissen ukomm ass, huet sech um Radar e sougenannte “Mesovortex” bemierkbar gemaach – eng klengräimeg mee markant Rotatioun um Rand vun der Front. Ënner Ëmstänn kënnen un dëse Wirbelen Tornadoen entstoen, an dat war dës Kéier de Fall. Recherchen um Buedem hunn zu Biissen an der Industriezon däitlech Spure vu Rotatioun an der Vegetatioun gewisen. Den Hondspark vun den “Agility Tornadoes Biissen” (de Numm war Programm) gouf vun dësem Tornado getraff, de bestoende Parcours gouf fërmlech op d’Kopp gedréint. Unhand vu Pläng, wéi de Parcours virum Stuerm ausgesinn huet, konnte mir erausfannen, wouhin déi eenzel Hürden geblose goufen. Esou huet sech op e Neits e Muster um Buedem erausgestallt, wat a verschidde Richtunge gewisen huet.

Hannert dem Hondspark gëtt et e Bam, bei dem d’Äscht liicht verdréint goufen – e weideren Indice fir en Tornado. Méi wäit hannendrun hu sech op e Neits ganz däitlech Rotatiounsspuren op enger Gréngfläch mat Beem gewisen. An der Wiss ass ze erkennen, wéi de Wand openeen duer gestréimt ass, amplaz an eng Richtung. Och d’Beem si no dësem Muster gediebelt oder ëmgefall.
Staatleche Wiederdéngscht geet net vun Tornadoen aus
De staatleche Wiederdéngscht MeteoLux geet bis haut net dovun aus, dass et sech bei den zwee Fäll ëm Tornadoe géif handelen – dat hätten Radar-Recherchen erginn. An den zwee Fäll waren awer däitlech Hiweiser dofir op de Kaarten ze fannen. Eng Buedemanalys hirersäits gouf allerdéngs net gemaach, well en “Tornado onwarscheinlech” war.

Mir hunn eis Recherchen un auslännesch Experten geschéckt, déi déi zwee Fäll elo awer confirméiert hunn. Net verwonnerlech, well a béide Fäll däitlech Rotatiounsspuren um Buedem fonnt goufen. Eis Recherchen dozou fannt Dir hei:
Rapport: Untersuchung eines mutmaßlichen Tornados in Bissen (PDF, 12,6 MB)
Screenshots aus der europäescher Datebank fir Onwieder:
