Brittesch Inselen: Neie Stuerm ënnerwee, potenziellen Afloss op Westeuropa

No engem vun de stäerkste Stierm aus de leschte Joerzéngte kënnegt sech elo e weideren Orkan un, deen e Sonndemoien op Irland trëfft. Am weidere Verlaf kéinte mir en Deel vum Wand och bei eis ze spiere kréien.

Advertisement

D’Grousswiederlag & Afloss op Groussbritannien

Eis “Area of Interest” läit de Moment mol nach ëstlech vun der Ostküst vun den USA, wäert sech bis muer de Mëtten awer op sengem Wee a Richtung Europa rapid zu engem Orkandéif verstäerken. Esou wéi den Orkan ÉOWYN handelt et sech och bei dësem neien Orkan ëmt e sougenannte “Bomb Cyclone” – dorënner versteet een am Fach, dass de Kärdrock vum Stuerm an Zäit vu 24 Stonnen op d’mannst ëm 24 hPa fällt, wat eng rasant Intensivéierung markéiert.


De viraussiichtleche Verlaf vum Stuerm laut ARPEGE-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Dëse neie Stuerm soll iwwert dem Atlantik selwer erëm immens zolidd Stuermstéiss vun tëscht 140 an 180 km/h produzéieren. D’Wucht, mat där en de nordwestlechen a westleche Kontinent wäert beaflossen, ass awer net méi déi selwecht: Zwar ginn am Südweste vun Irland e Sonndemoie viraussiichtlech erëm Wandstéiss vu bis zu 120 km/h erreecht, e Méindemoie fréi eventuell nach eng Kéier bis zu 140 km/h, mee et wäerte net méi déi selwecht Ausmoosse sinn wéi duerch den ÉOWYN. Haaptsächlech si Küstegéigende betraff, iwwer Land selwer sollen héchstens tëscht 80 an 110 km/h erreecht ginn – ausser op den exponéierte Plazen. Iwwert dem Weste vun England géif et zimmlech änlech ausgesinn.

Wéi et fir aner Géigenden & Lëtzebuerg ausgesäit

De neien Orkan wäert sech e Sonndemoien och an der Bretagne bemierkbar maachen, wou an direkter Küstegéigend Wandstéiss vu bis zu 120 kmh, deels liicht driwwer, ze erwaarde sinn. Aner Beräicher, déi och eppes ze spiere kréie, leien am äussere Norde vu Portugal & Spuenien: A Küstegéigend an och op Hiwwelen si Vitesse bis ëm 100 km/h ze erwaarden, a Spuenie sinn et besonnesch d’Bierger an Asturien esouwéi Kantabrien, wou et och mol op 130 km/h kann eropgoen.


Déi momentan berechent Wandstéiss fir de Méindemoie/Mëtten laut ECMWF-Modell | Grafik: wxcharts.com

Un der belscher Küst belafe sech d’Spëtzte viraussiichtlech op tëscht 80 an 100 km/h. Zu Lëtzebuerg kriite mir de Wand an der Nuecht op e Méinden ze spieren, Vitesse vun tëscht 40 a 70 km/h sinn aus momentaner Siicht ze erwaarden – also näischt all ze markantes. Dës Wäerter géife mol net d’Warnschwell erreechen. Nach heescht et awer, ofzewaarden.